Gitt Är Sich an

Leitfuedem


Opgrond vun hirer Erfarung am INLL (Zilgrupp Erwuessener, Rhythmus vun de Coursen) hunn d’Departementer vum Lëtzebuergeschen, Franséischen, Däitschen an Engleschen decidéiert, d’Niveauen A1, A2, B1 a B2 opzesplécken. Dëst erlaabt et, d’Stonnenzuel, déi de GERS fir d’Acquisitioun vun all Niveau virgesäit, anzehalen an e geziilten Unterrecht unzebidden, deen d’Apprenante(ë) bei all Etapp vun hirem Léierprozess begleet an hinnen d’Méiglechkeet gëtt, ze assimiléieren, wat si geléiert hunn.

Well de GERS keng Tëschenniveaue virgesäit, huet e speziellen Aarbechtsgrupp mam Numm „Carré des langues” e Leitfuedem an Tester fir dës Niveauen ausgeschafft. Den Zweck vun dësen Dokumenter besteet doranner, méi Kohärenz tëschent verschiddene Klasse vum selwechten Niveau oder vun ënnerschiddlechen Niveauen ze schafen a méi Homogenitéit an d’Klassen ze bréngen. Si sinn och d’Grondlag vum Léiermaterial, dat an deene verschiddene Coursë vum INLL benotzt gëtt.

Déi fënnef Kategorien, déi am GERS definéiert sinn, ginn och hei benotzt (Héierverstoen, Liesverstoen, kontinuéierleche mëndlechen Ausdrock, mëndlechen Ausdrock an der Interaktioun, schrëftlechen Ausdrock).

Fir all Tëschenniveau goufen déi follgend Elementer definéiert:

  • d’Kompetenzen.
  • d’sproochlech Elementer oder d’kommunikativ Inhalter, déi erfuerderlech sinn, fir déi jeeweileg Aufgaben ausféieren ze kënnen.
  • d’Typpe vu Supporten oder authentesche resp. didaktesch verschaffte Supporten, déi fir all Tëschenniveau benotzt kënne ginn (dës Lëscht ass net exhaustiv a soll och net d’Sprooch „afréieren”, mee nëmmen zousätzlech Informatiounen iwwer den Niveau ginn).
  • a schliisslech Virschléi fir „Aufgaben” (fir déi ënnerschiddlech erléiert Kompetenzen a sproochlech Elementer an der Praxis unzewenden).