Gitt Är Sich an

Accessibilitéitsdeklaratioun

D’Organ “Institut national des langues Luxembourg” verflicht sech derzou säi Site accessibel ze gestalten, konform mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vun den Internetsitten a mobillen Applikatioune vun den Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitsdeklaratioun bezitt sech op: www.inll.lu

Wat ass déi digital Accessibilitéit?

D’Zil vun der digitaler Accessibilitéit ass et, datt Persoune mat engem Handicap de Web an déi mobil Applikatioune kënne benotzen.

Konformitéitsstatut

Dëse Site ass deelweis konform mat der europäescher Norm EN 301 549 souwéi mam Referenzwierk fir d’Bewäertung vun der Web-Accessibilitéit (RAWeb) v1 , dat dës Norm implementéiert, dëst opgrond vun den Elementer, déi heidrënner opgezielt sinn.

Net-accessibelen Inhalt

Déi hei opgelëschten Inhalter sinn aus follgende Grënn net accessibel:

Net Konformitéit

Onverhältnesméisseg Belaaschtung

Inhalter, op déi d’Gesetz vum 28. Mee 2019 sech net applizéiert

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitsdeklaratioun

Dës Deklaratioun gouf de(n) 29.2.2024 erstallt. D’Angaben an dëser Deklaratioun sinn exakt a baséieren op enger effektiver Bewäertung vun der Konformitéit vun dësem Site mat den Ufuerderungen, déi am RAWeb 1 fixéiert sinn, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ “Institut national des langues Luxembourg”.

Feedback a Kontakt

Wann Dir e Problem mat der Accessibilitéit feststellt, schéckt eis eng E-Mail un communication@inll.lu. Beschreift Äre Problem a gitt déi concernéiert Säit un. Mir verflichten eis derzou, Iech bannent engem Mount per E-mail ze äntweren. Fir de Problem nohalteg ze léisen, gëtt d’Online-Korrektioun vum Accessibilitéitsproblem privilegéiert. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt déi gewënschten Informatioun Iech an engem accessibele Format, esou wéi Dir et wënscht, zougestallt:

Prozedur, déi et erlaabt, d’Anhale vun de Bestëmmunge sécherzestellen

Am Fall, wou d’Äntwert net befriddegend wier, hutt Dir d’Méiglechkeet, den Informatiouns- a Pressedéngscht, dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Reklamatiounsformulaire oder d’Ombudspersoun, de Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, ze informéieren.


Dës Deklaratioun baséiert op der Virlag vum Dokument, dat an der Ausféierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiert ass. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun a gëtt ënner enger “Creative Commons Attribution 4.0 International”-Lizenz verëffentlecht.