Gitt Är Sich an

Den INLL

Den Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg (INLL) ass en ëffentlechen Zentrum, an deem Erwuessener modern Sprooche léieren an hir Sproochekenntnisser zertifiéiere loosse kënnen.

An engem wuelgesënnten Ëmfeld, an deem d’Zesummentreffen an den Austausch gefërdert ginn, bitt den Institut den Apprenante(ë)n an all de Gemeinschaften, mat deenen en interagéiert, d’Méiglechkeet, sech perséinlech a berufflech weiderzeentwéckelen.

D’Organisatioun an d’pedagogesch Ausriichtung spigelen d’sproochlech Flexibilitéit vu Lëtzebuerg erëm, e Land, dat net nëmmen 3 administrativ Sproochen huet, mee dat och Expats aus ville verschiddene Länner an eng grouss Zuel u Frontalieren ophëlt.

Ären Zougang zu Integratioun a perséinlecher Entwécklung

E sproochleche Melting pot, deen dem Institut natierlech d’Aufgab gëtt, d’Méisproochegkeet ze fërderen, zu der Employabilitéit vun deem Eenzele bäizedroen, d’sozial Integratioun an den interkulturellen Austausch iwwer d’Sproochen ze erliichteren a Formateuren a Formatricen auszebilden. Den INLL ass uechter d’Land vertrueden an organiséiert an Zesummenaarbecht mat engem Reseau vu Partneren international Sproochenexamen an -tester. En ass als national Zertifizéierungsinstanz fir offiziell Diplomer an Zertifikater an der Lëtzebuerger Sprooch unerkannt.

Eng Plaz fir sech ze begéinen an auszetauschen

Den INLL schaaft e Kader, an deem d’Léit sech begéinen a mateneen interagéiere kënnen, fir esou den Dialog an den Austausch, deen an de Coursen entsteet, bei villen Evenementer an Treffe fortzesetzen.

Eis Missioun

Den INLL ass en ëffentlechen Zenter, fir modern Sproochen ze léieren an ze zertifiéieren, dee sech dofir asetzt, d’Méisproochegkeet ze fërderen, zu der Employabilitéit vun deem Eenzele bäizedroen, d’sozial Integratioun an den interkulturellen Austausch iwwer d’Sproochen ze erliichteren a Formatiounspersonal auszebilden.

Entdeckt eis Sproochecoursen

Den INLL bitt Coursë fir Erwuessener an 9 Sproochen un

D’Offer besteet aus:

  • allgemengsproochleche Coursë fir Ufänger/-innen a fir Persounen, déi scho Kenntnisser an der Sprooch hunn.
  • spezifesche Coursen, z. B.: Deutsch für den Beruf, Business English, Deutsch für Juristen, L’italien des médias asw.
  • der Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL)

Am Laf vun engem Schouljoer hate sech méi wéi 13.000 Leit aus 130 Natiounen an d’Coursen ageschriwwen; am Ganze goufe 55.000 Stonne Cours ugebueden.

Och fir d’Lëtzebuerger Sprooch ginn Zertifkatiounen ugebueden:

Lëtzebuergesch als Friemsprooch
Sproochentest Lëtzebuergesch, fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien

D’Zertifikatioun vu Sproochekenntnisser

Den INLL organiséiert international Sproochenexamen an -tester an Zesummenaarbecht mam Goethe-Institut, der Cambridge University, dem Instituto Cervantes, mat France Éducation international, der Università per Stranieri di Perugia an der Universidade de Lisboa.

Däitsch – Goethe Zertifikat – Test Deutsch als Fremdsprache
Englesch – Cambridge English Language Assessment – International English Language Testing System
Spuenesch – Diplomas de Español como lengua extranjera
Franséisch – Diplôme élémentaire/approfondi de la langue française – Test de Connaissance du français
Italieenesch – Diploma della Lingua Italiana
Portugisesch – Diploma de Português Língua Estrangeira

Mat der Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) Enseignant(e) am Lëtzebuergesche ginn

Dir interesséiert Iech dofir, als Enseignant(e) Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ze ginn?

D’Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) gëtt vun 2009 un am Institut National des Langues Luxembourg (INLL) ugebueden.

Dës Formatioun riicht sech u Persounen, déi sech als Enseignant(e) vun der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder an engem gesetzlech reglementéierten Domän aus- oder weiderbilde wëlle loossen.

Mir freeën eis op Är Kandidatur!

Eis Mataarbechter: iwwer 150 Fachleit stinn Iech zur Säit

D’Ekipp vum INLL besteet aus méi ewéi 120 Persounen, déi op den Enseignement vu Friemsprooche fir Erwuessener spezialiséiert sinn:

  • Proffen
  • Chargé(e)-de-coursen, déi an hirer Mammesprooch enseignéieren
  • Formateuren a Formatricë fir d’Erwuessenebildung
  • Stagiairen

Ergänzt gëtt dës Sproochenekipp duerch ronn 50 Mataarbechter, déi an der Administratioun, am technesche Service an am Entretien schaffen.

Eis Infrastrukturen

Entdeckt eis Mediathéiken an de Restaurant Lingua.

Eis Sitten

Belval

Méiglech Coursen:

Däitsch, Englesch, Spuenesch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Portugisesch

Méi Informatiounen
Luxembourg – Glacis

Méiglech Coursen:

Däitsch, Englesch, Chineesesch, Spuenesch, Franséisch, Italieenesch, Lëtzebuergesch, Hollännesch, Portugisesch

Méi Informatiounen
Mersch

Méiglech Coursen:

Däitsch, Englesch, Franséisch, Lëtzebuergesch

Méi Informatiounen