
Dës Prozedur betrëfft nëmme Persounen, déi ënnert den Artikel 14 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d’Lëtzebuerger Nationalitéit falen.
Zwee obligatoresch Tester:
Den Niveau vum mëndlechen Test entsprécht dem Niveau A2 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen an de Beräicher mëndlechen Ausdrock a mëndlech Interaktioun.
„De Kandidat oder d’Kandidatin ka sech virstellen a mat einfache Wierder iwwert seng/hir Famill, aner Leit, seng/hir Liewensëmstänn, seng/hir Ausbildung oder säin/hire Beruff schwätzen. Hien/Si kann och mat einfache sproochleche Mëttele Persounen, Saachen an Aktivitéite beschreiwen a vergläichen.”
2 Deeler:

Evaluatiounskrittären: Repertoire, fléissenden Ausdrock, Däitlechkeet, Benotze vu grammatikalesche Strukturen, Kohärenz, Fäegkeet, sech verständlech ze maachen, Interaktivitéit.
Dauer: 10 Minutten (2 x 5)

Den Exame fir d’Héierverstoe gëtt um Tablette gemaach.
Tablette: Mëndlechen Ausdrock an Héierverstoen an engem hallwen Dag.
Dauer : 35 minutes
Den Niveau vum Test Héierverstoen entsprécht dem Niveau B1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen.
De Kandidat oder d’Kandidatin
Héierverstoe vun 3 Texter:
Fir all Ecoute gëtt e Questionnaire verdeelt, op deem déi richteg Äntwerten unzekräize sinn. (lien plus haut).

Fir den Examen ze packen, muss de Kandidat resp. d’Kandidatin op d’mannst d’Hallschent vun de Punkten am Test iwwer de mëndlechen Ausdrock kréien.
Eng Nott vu manner ewéi der Hallschent vun de Punkten am Test iwwer de mëndlechen Ausdrock ka mat der Nott am Test iwwer d’Héierverstoe kompenséiert ginn. An deem Fall gëllt de Sproochentest als bestanen, wann d’Moyenne vum Héierverstoen a vum mëndlechen Ausdrock bei op d’mannst 50 % läit.
Wann eng Persoun mat Behënnerung sech aschreift, suergt den INLL fir déi materiell Installatioun oder déi perséinlech Hëllef, déi et där Persoun erlaabt, esou gutt wéi méiglech um Test deelzehuelen. An alle Fäll muss en offiziellt Dokument vun enger medezinescher Autoritéit virleien. Dëst Dokument muss mam Aschreiwungsdossier agereecht ginn.
D’Kenntnisser vun der lëtzebuergescher Sprooch ginn am Kader vun zwee Tester evaluéiert. Hei si Beispiller fir déi zwee Tester.
Éischten Deel: Gespréich
De Kandidat oder d’Kandidatin kann tëschent zwee Theeme wielen, déi de Préiwer resp. d’Préiwerin proposéiert.
Zweeten Deel: E visuelle Support beschreiwen
De Kandidat oder d’Kandidatin kann tëschent dräi visuelle Supporte wielen an een dovunner beschreiwen.
Beispiller vu visuelle Supporten:
audio Fichier am MP3-Format fir erofzelueden (3,2 Mo)