Den Nationale Sproocheninstitut (INL) ass der Autoritéit vum Educatiounsministère ënnerstallt. Seng Haaptaufgab besteet doranner, Sproochecoursë fir Erwuessener unzebidden.
An der Charta vum INL ginn déi gemeinsam Wäerter festgehalen, déi en harmonescht Zesummeliewen tëschent de Mataarbechter vum INL an den Apprenante(ë)n erméiglechen.
Den INL fërdert d’Entwécklung vun deem Eenzelen a senger mënschlecher a multikultureller Diversitéit op der Basis vu gemeinsame grondleeënde Wäerter:
D’Membere vun der Schoulgemeinschaft engagéiere sech, an enger Atmosphär vu géigesäitegem Verständnis responsabel a respektvoll mateneen ëmzegoen, am Sënn vum interkulturellen Austausch an der sozialer Integratioun.
D’Apprenante(ë)n engagéiere sech, d’Léiermaterial ze gebrauchen an déi Léierstrategien unzewenden, déi erfuerdert sinn, fir déi proposéiert Ziler ze erreechen.
Den INL engagéiert sech fir eng transparent Kommunikatioun a versicht alles ze maachen, fir den Apprenante(ë)n ze hëllefen, hire Léierparcours an hire perséinleche pedagogesche Projet opzebauen, ze entwéckelen an ze verwierklechen.
__________________
Gesetz vum 22. Mee 2009 iwwer d’Grënnung vun engem Nationale Sproocheninstitut, Mémorial A Nr. 112 vum 26.05.2009 (Säiten 1637 bis 1641). Den INL huet ausserdeem als Missioun, déi sozial a berufflech Integratioun ze ënnerstëtzen, d’Méisproochegkeet an den interkulturellen Austausch ze fërderen an als Zentrum fir international Examen an national Examen an der Lëtzebuerger Sprooch ze déngen.