Mir setze virun allem op d’Stäerkt vum Dialog am Alldag. Eis professionell an engagéiert Ekipp fir Sproocheformatioune bitt Iech Coursen an engem angeneemen an inspiréirende Léierëmfeld un, fir datt Dir d’Sprooch, déi Dir ausgewielt hutt, ënnert deene beschte Bedéngunge léiere kënnt.
Eis Sproochenoffer baséiert integral op den Direktive vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS). Mir decken all d’Sproochenniveauen of, ugefaange beim Niveau A1. Eis Unterrechtsunitéiten daueren 50, 100 oder 200 Minutten, wärend deenen all d’sproochlech Ressourcë vun eisen Apprenante(ë)n zum Asaz kommen.
Fir dëst Zil ze erreechen, ass eis Methodik besonnesch drop ausgeriicht, d’mëndlech Kommunikatioun ze aktivéieren, e selbstännegen Ëmgang mat der Sprooch ze fërderen, d’Reflexioun iwwer d’Léierprozesser unzereegen an d’Apprenante(ë)n opzefuerderen, sech reegelméisseg selwer ze evaluéieren.
D’Europäesch Kommissioun huet sech als Zil gesat, eng Kultur vum liewenslaange Léieren ze fërderen. An deem Kontext ënnerstëtzt d’Lëtzebuerger Regierung d’Léiere vun der lëtzebuergescher Sprooch iwwer e System vu Subventioune fir d’Lëtzebuergeschcoursen.
Eis Offer besteet aus verschiddene Forme vu Coursen. Entscheet Iech fir dat Format, dat am beschte bei Iech passt:
All d’Coursen, och déi fir Ufänger, gi vun Ufank un an der jeeweileger Zilsprooch ofgehalen.
Fir eis Coursë gëllen d’Aschreiwungskäschten, déi an der Offer u Coursen op MyINL ugewise ginn.
D’Käschte fir de Kaf vum néidege Material an/oder vun de Léierbicher sinn net an den Aschreiwungskäschten abegraff.
Enner gewësse Konditioune sinn d’Aschreiwungskäschten op 10 € reduzéiert. (cf. Artikel 4 vum groussherzogleche Reglement vum 27. Juni 2018 déi de Montant vun den Aschreiwungsfraise fir d’Coursen déi vum Institut national des langues organiséiert gi festleet.)
D’Aschreiwung leeft an e puer Etappen of, dozou zielt en Test, fir den Niveau de ermëttelen, an en individuellt Gespréich bei neien Aschreiwungen (ausser fir den Ufängerniveau A1). Dir kënnt den Aschreiwungsprozess zu all Moment vum Joer ufänken, fir en Niveau recommandéiert ze kréien an Iech op dëser Basis am September oder am Februar iwwer eist Portal MyINL anzeschreiwen.
Dir wëllt Iech och an anere Beräicher weiderbilden? Da kuckt Iech hei déi vill Formatiounsbäihëllefen un.
De Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) erlaabt et, Friemsproochekenntnisser an dräi Niveauen ze klasséieren: elementar (A), autonom (B) a kompetent (C) Benotzung vun der Sprooch.
Op dësem Niveau kënnt Dir Iech mat einfache Wierder a Sätz an alldeegleche Situatioune verstännegen.
Op dësem Niveau kënnt Dir Iech op einfach Aart a Weis am Alldag verstännegen.
Op dësem Niveau sidd Dir an der Lag, alldeeglech Situatiounen ze bewältegen an Iech (mat eventuellen Hesitatiounen) zu aktuelle Geschéien ze äusseren.
Op dësem Niveau kënnt Dir Iech zu engem breede Spektrum vun Theeme spilles an am Grousse Ganze korrekt verstännegen.
Op dësem Niveau kënnt Dir d’Sprooch wierksam a flexibel benotzen.
Op dësem Niveau kënnt Dir Iech spilles verstännegen a Nuancen am Zesummenhang mat komplexen Theemen erfaassen.