Gitt Är Sich an

Wielt Är Rubrik

Coursen
Sproochentest
Zertifikatiounen
  • Wichteg Datumer

    Aschreiwunge fir d’Fréijoerssemester 2026 iwwert MyINL:

    • Apprenantë vum Hierschtsemester 2025: vum 10. Februar (08:00) bis de 6. Mäerz 2026
    • Neie Publikum mat gëltegem Niveau recommandé: vum 11. Februar (08:00) bis de 6. Mäerz 2026
    • D’Aschreiwunge fir déi zweet Sessioun vun de beruffsorientéierten Intensivcoursë fänken am Mee 2026 un (ausser fir A1-Coursen).
    • Wichteg: De genauen Datum vun der éischter Sessioun vun Ärem gewielte Cours steet op Ärer Aschreiwungsbestätegung.

    D’Fréijoerssemester 2026 fänkt de 24. Februar 2026 un a geet bis den:

    • 8. Juli 2026 fir Lëtzebuergesch-Coursen (ausser d’Intensivcoursen)
    • 10. Juli 2026 fir déi aner Coursen
  • Wéi héich sinn d’Käschte vun der Aschreiwung an engem Cours?

    D’Tariffer fir all offréiert Coursë vum INLL fannt Dir iwwert dëse Link: Hei

  • Wie ka mir hëllefen, wann ech Froen iwwert e Cours hunn?

    Kontaktéiert wgl. fir d’éischt den/d’Titulaire vun der Klass/vum Cours. An engem zweete Schrëtt kënnt Dir de Bureau des cours iwwert de Kontaktformulaire erreechen.

  • Ass et méiglech, eng Klass ze wiesselen?

    Wann Dir eng bezuelten, gülteg Aschreiwung hutt: E Wiessel an eng aner Klass ass méiglech an deem Fall, deen am Artikel 6 vum Règlement grand-ducal du 27 juin 2018 opgezielt gëtt. Fir all zousätzlech Informatiounen, kontaktéiert de « Bureau des Cours“ iwwert de Kontaktformular.  

  • Wat sinn d’Reegele vun der Presenz am Cours?

    D’Presenz vun den Apprenante(ë) gëtt an all Cours kontrolléiert. D’Presenze ginn elektronesch am System gespäichert an Dir kënnt se an Ärem MyINL-Konto nokucken. Ausserdeem ass et méiglech, e Certificat vun der Opzeechnung vun der Presenz via MyINL auszedrécken.  All Apprenant gëtt als present consideréiert, wann d´Persoun op d’mannst 70 % vum Cours present ass.

  • Hu Persounen, déi net an engem Cours ageschriwwe sinn (Frënn a Frëndinnen, Kanner) Zoutrëtt zu de Raimlechkeete vum INLL?

    Fir Persounen, déi net an engem Cours ageschriwwe sinn, ass et net méiglech, en Zougang zu de Klassesäll oder zu der Mediathéik ze kréien. Dat geschitt aus sécherheetstechneschen, awer och aus rechtleche Grënn.

    Fir Informatioune kënnt Dir Iech un d‘Receptioun vum INLL wenden. Kanner musse vun enger erwuessener Persoun begleet sinn. Déiere sinn, mat Ausnam vun Assistenzhënn, am INLL net erlaabt.

  • Wat ass de Kompetenzbilan (bilan de compétences)?

    All Persoun am INLL, déi un den Tester an den Evaluatioune wärend / um Enn vun der Sessioun deelgeholl huet, huet e Recht op e Kompetenzbilan. Dëse Bilan informéiert, wéi eng Kompetenzen a wéi engem Niveau vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) erreecht goufen. De Kompetenzbilan ass 1 Joer gülteg a ka via Äre MyINL-Kont erofgeluede ginn.

  • Wat fir e Léiermaterial ass noutwenneg ?

    Am Ufank vum Cours gëtt den/d’ Enseignant(e) d’Material an/oder d’Buch vum Cours un. Et gëtt ugeroden, och e Bic an en Notizblock oder Blieder matbréngen, eventuell och eng Mapp oder en Dossier fir Kopien an/oder Dokumenter, déi am Cours verdeelt ginn, dranzemaachen. Jee no Quantitéit vum Material, kann den Enseignant och e pauschale Betrag fir d’Kopië froen.

  • Wéi gëtt um INLL evaluéiert?

    Fir d’Apprenanteën an d‘Apprenantë an hirem Léierprozess ze begleeden an hinne bei hirem Fortschrëtt ze hëllefen, gëtt e spezifesche Bewäertungssystem ugebueden: Engersäits gëtt eng kontinuéierlech formativ Evaluatioun duerchgefouert, fir d’Léierfortschrëtter wärend der Sessioun oder dem Semester z’ënnerstëtzen;
    an anerersäits gëtt et eng Bewäertung vun der mëndlecher Produktioun um Enn vun der Sessioun oder dem Semester duerchgefouert.
    Fir an deen nächsten Niveau zougelooss ze ginn, muss d’Persoun:

    • un den Evaluatiounen deelhuelen, déi jeeweils de schrëftlechen Ausdrock, d’Héierverstoen an d’Liesverstoen testen,
    • an zwou vun deenen dräi Kompetenzen op d’mannst 60 % an der Moyenne erreechen,
    • den Test vun der mëndlecher Produktioun um Enn vun der Sessioun oder vum Semester packen.
  • Wien huet en Urecht op d‘Coursbuch vum Ministère?

    Demandeure vum internationale Schutz (DPI), déi ageschriwwe sinn, hunn en Urecht op en Exemplar vum Referenzbuch vum Cours, dat gratis vum Ministère zur Verfügung gestallt gëtt. D’INLL-Administratioun informéiert all Beneficiaire per E-Mail, wann d’Buch disponibel ass.

  • Adaptéiert Mesurë fir speziell Besoinen         

    Wann Dir wéinst enger Aschränkung speziell Upassunge braucht – fir am Cours deelzehuelen oder fir en Examen ze maachen – gitt wgl. dat noutwennegt Dokument of an deelt Är Besoinen iwwer eise Kontaktformular (-> Spezifesch Upassungen) mat, esoubal Är Umeldung confirméiert ginn ass.

  • Vu wéi engem Alter u kann ee sech an d’Coursë vum INLL aschreiwen?

    D’Aschreiwung a Coursë vum INLL ass nëmme fir volljäreg Persoune méiglech.

  • Wat fir Schrëtt si noutwenneg, fir sech fir e Cours unzemellen?

    I. ZOULOOSSUNG, VIRTEST AN ORIENTÉIERUNG

    1. Erstellt Äre Kont iwwer MyINL.
    2. Gitt op „Meng Niveauen“, wielt d’Sprooch aus a klickt op „Umeldung“.

    Eng Umeldung ass nëmme mat engem gültegen, recommandéierten Niveau méiglech.

    Wann Dir Ufänger(in) sidd:
    Maacht de Prestest online (ausser fir Chineesesch, Japanesch, Koreanesch a Russesch).
    Wann Dir Iech onsécher fillt, wat Ären Niveau ugeet, maacht e Rendez-vous fir en Orientéierungsgespréich mat enger Léierpersoun aus.
    Wielt selwer „A1 als recommandéierten Niveau“.

    Wann Dir schonn e puer Kenntnesser an der Sprooch hutt:
    Maacht den Online-Astufungstest (ausser fir Chineesesch, Japanesch, Arabesch, Koreanesch a Russesch).
    Wielt e Rendez-vous fir en Orientéierungsgespréich op engem disponibelen Datum aus. Dëst Gespréich gëtt sur place am INLL ofgehalen, wou Iech eng Léierpersoun e recommandéierten Niveau zouweist. Dësen ass néideg fir d’Umeldung.

    Wichteg: D’Resultat vum Online-Pretest, deen nëmmen déi passiv Kompetenze bewäert, zielt net eleng als recommandéierten Niveau a kann och net fir d’Umeldung genotzt ginn.

    II. ONLINE UMELDUNG AN E COURS VIA MYINL

    1. Mellt Iech fir ee Cours oder méi Coursen un – ofhängeg vun den disponibele Plazen.
    2. Bezuelt d’Umeldungskäschte bannent der Frist, déi Iech de System ugëtt.
  • Wéi eng Zorte vu Coursë gi vum INLL ugebueden?
    • Allgemeng Coursë fir Ufänger:innen
    • Allgemeng Coursë fir Fortgeschrëttener
    • Atelieren a follgende Beräicher : Phoneetik, schrëftlechen Ausdrock, mëndlechen Ausdrock, Literatur…

    Hei fannt Dir méi Detailer iwwert déi verschidden Zorte vun Coursen : https://www.inll.lu/fr/cours-de-langue/

    D’Offer vun de Coursë riicht sech no de Besoine vun den Apprenante(ë)n an orientéiert sech un de personellen an infrastrukturelle Méiglechkeete vum INLL.

  • Wien huet en Urecht op de reduzéierten Tarif « C »?

    E reduzéierten Tarif vun 10 Euro pro Cours ass fir follgend Persoune méiglech (just, wann eng Attestatioun bei der Umeldung virgeluecht gëtt):

    • Persounen, déi eng Aarbecht sichen an déi vun der « Agence nationale pour le développement de l’emploi » (ADEM) engem Cours zougedeelt goufen ;
    • Beneficiairë vum « revenu minimum garanti assignés à un cours par le Service national d’action sociale » (SNAS) ;
    • Persounen, déi vum l’Office national de l’accueil (ONA) als bedierfteg unerkannt goufen ;
    • Persounen, déi e Kontrakt vum « contrat d’accueil et d’intégration (CAI) » agaange sinn, fir e Cours vun enger vun den 3 Amtssproochen  (Lëtzbuergesch, Däitsch, Franséisch) ze maachen ;
    • Persounen, déi vun de kommunalen oder regionale Sozialämter als bedierfteg unerkannt goufen.

  • A wéi enger Sprooch ginn d’Coursen ofgehalen?   

    All d’Coursen (och d’Coursen, déi sech un Ufänger:inne riichten), gi vun Ufank un an der Sprooch enseignéiert, déi am Cours geléiert soll ginn.

  • Wéi kann ee sech op der „Moodle“-Plattform aloggen?

    Sech aloggen iwwert « Login with MyINL »: https://www.inll.lu/lu/tutoriels-myinl-2/

  • Wéi kann ech op meng Dokumenter vum MyINL zougräifen?

    Op meng Dokumenter « MyINL » zougräifen: https://www.inll.lu/lu/tutoriels-myinl-2/

  • Wat kann ee maachen, wann d’Coursë vum INLL voll sinn?

    Consultéiert de « catalogue des prestataires conventionnés », dee vum Service de la formation des adultes (SFA) offréiert gëtt. (https://www.unipop.lu/formations/langues/) An dësem Katalog fannt Dir d’Offeren, déi vun de konventionéierte Prestatairen offéiert ginn.

  • Wat fir Hëllefen am Beräich vun der Formatioun gi vum lëtzebuergesche Staat ugebueden?

    Méi Informatioune fannt Dir iwwert: https://www.lifelong-learning.lu/accueil/fr

  • Wat fir Sprooche ginn enseignéiert ?
    • Arabesch – INLL Glacis
    • Chineesesch – INLL Glacis
    • Däitsch – INLL Glacis, Belval a Miersch
    • Englesch – INLL Glacis, Belval a Miersch
    • Franséisch – INLL Glacis, Belval, Miersch a Stroossen
    • Hollännesch – INLL Glacis a Miersch
    • Italieenesch – INLL Glacis a Belval
    • Japanesch – INLL Glacis
    • Koreanesch – INLL Glacis
    • Lëtzebuergesch – INLL Glacis, Belval, Miersch a Stroossen
    • Portugisesch – INLL Glacis a Belval
    • Russesch – INLL Glacis
    • Spuenesch – INLL Glacis a Belval
  • Wéi ass d’Prozedur, fir vum reduzéierten Tarif profitéieren ze kënnen?

    Nodeem Dir Äre Cours ausgewielt hutt, musst Dir op „Bezuelen“ klicken.

    Duerno wielt Dir d’Optioun :  « Ech hunn e Recht op e Bong fir e reduzéierten Tarif ».

    Duerno musst Dir d‘Matriculesnummer awer och d’Nummer vun Ärem Bong aginn. Esoubal Dir déi Informatiounen aginn hutt, gesitt Dir de reduzéierte Montant vun 10 Euro  an Dir kënnt deen dann iwwert eng Bankiwwerweisung oder mat der VISA-Kaart bezuelen.

    Dëse Bong gëtt ënnert de Conditiounen ausgestallt, déi vun ADEM, SNAS, ONA oder vun de lokalen / regionalen Ämter festgeluecht ginn.

    Méi Informatioune fannt Dir ënner : https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2018/06/27/a563/jo

  • Wat fir Konditioune mussen erfëllt sinn, fir un engem Online-Cours deelhuelen zu kënnen?

    Kontrolléiert virun der Formatioun, ob Ären Equipement (Computer oder Tablet, Kamera, Mikro) funktionéiert.

    Vermeit wgl. iwwert Ären Handy um Cours deelzehuelen. Mir recommandéieren, en Tablet oder e Computer (mat Clavier a Maus) ze benotzen.  

    Loggt Iech 15 Minutte virum Ufank vun der Formatioun an.

    Maacht Är Kamera wärend der Formatioun un, ausser wann dat aus technesche Grënn net méiglech ass. Eng aner Ausnam si pädagogesch Grënn, wann dat zum Beispill vun Ärem Formateur / Ärer Formatrice gefrot gëtt.

    Maacht Äre Mikro aus, wann Dir net schwätzt. Wann Dir Iech  zu Wuert melle wëllt, kënnt Dir d’Funktioun „Hand hiewen“ notzen.

    Et ass ënnert kengen Ëmstänn an a kenger Form erlaabt, d’Formatioun opzezeechnen oder weiderzeverbreeden.

  • Bitt den INLL Coursen un, fir liesen a schreiwen ze léieren?

    Nee. De « Service de la formation des adultes » offréiert eng Formatioun fir Grondwëssen (Literalitéit/ Alphabetiséierung) fir Erwuessener, déi an der däitscher a franséischer Sprooch liesen a schreiwe léiere wëllen.

    Dofir musst Dir Iech bei der“ Maison de l’orientation“ (Adress: 29, rue Aldringen, L-1946 Luxembourg) aschreiwen.

    Méi Informatioune fannt Dir ënner : https://men.public.lu/fr/systeme-educatif/formation-adultes/abcd-fr.html

  • Offréiert den INLL Coursen, fir Leit déi méi wéi 20 Joer zu Lëtzebuerg liewen an déi d’Nationalitéit kréie wëllen? (Gesetz vum 08/03/2017 Artikel 18) ?

    Neen, den INLL bitt keng speziell Coursen un, fir d’Nationalitéit ze kréien. Coursë mam Vermierk « Cours pour la nationalité (au moins 20 ans de résidence au Luxembourg, loi du 08/03/2017, art. 28) » (Speziell Coursë fir Persounen, déi op d’mannst zënter 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnen) gi vum « Service de la formation des adultes » an och vu senge konventionéierte Partneren ugebueden.

    https://men.public.lu/fr/systeme-educatif/formation-adultes/integration-nationalite/cours-examen.html

    https://www.lifelong-learning.lu/recherche/formations/langues/luxembourgeois/fr

  • Gëtt en Orientéierungespréich en Urecht op eng Attestatioun vum Niveau ?

    Neen. An engem Orientéierungsgespréich kritt Dir nëmmen e recommandéierten Niveau zougewisen, deen Dir braucht, fir Iech an e Sproochecours aschreiwen ze kënnen

    D’Orientéierungsgespréicher verfollegen d’Zil, de Kandidat*innen e recommandéierten Niveau zouzeweisen. Eng Attestioun vum Niveau op Basis vun engem gültegen Dokument gëtt domat awer net ausgestallt.

    Et gëtt recommandéiert, e Virtest online ze maachen, ier Dir an d’Orientéierungsgepréich gitt. Dës Virtester erméiglechen, datt déi passiv Kompetenzen och zur Kenntnis geholl ginn, och wann d’Orientéierungsgespréicher virun allem déi aktiv Kompetenzen evaluéieren. Dat gëtt gemaach, fir Iech en Niveau recommandéieren ze kënnen.

    Braucht Dir e Certficicat deen Iech Är linguistesch Kompetenzen attestéiert? Hei fannt Dir méi Informatiounen: https://www.inll.lu/lu/zertifikatiounen/

  • Wou kann een Informatiounen iwwert soziokulturell Evenementer fannen?

    Dir fannt de Kalenner mat de soziokulturellen Evenementer hei: https://www.inll.lu/lu/kalenner/

    Den INLL offréiert sengen Apprenanten eemol de Mount seng Newsletter. All Mount gitt Dir iwwert d’Aktivitéiten an Evenementer am INLL informéiert an Dir fannt hei och praktesch Informatiounen iwwert den INLL. D’Newsletter gëtt op Franséisch an Englesch ugebueden. Dir kënnt se iwwert dëse Link abonéieren: https://www.inll.lu/fr/newsletter/

  • Wéi oft kann ech de Sproochentest maachen?

    D’Zuel vun den Umeldungen ass net begrenzt. Mä eng nei Umeldung ass just méiglech, nodeems Dir d’Resultater vum Test virdru kritt hutt.

  • Dispensen

    De Sproochentest ass déi eenzeg unerkannten Zertifikatioun, fir d’Nationalitéit kënnen unzefroen. Och wann Dir de mëndlechen Examen am Lëtzebuergesche beim Staat gemaach hutt (fir Fonctionnaire ze ginn), sidd Dir bei enger Demande fir eng Naturalisatioun net automatesch vun der sproochlecher Epreuve am Lëtzebuergesche fräigestallt.

  • Wou gëtt de Sproochentest ofgehal?

    De « Sproochentest » gëtt am INLL Lëtzebuerg a Belval organiséiert:

    • Institut national des langues Luxembourg 21, Boulevard de la Foire, L-1528 Luxembourg
    • Institut national des langues Luxembourg 14, Porte de France, L-4360 Esch-sur-Alzette
  • Wou kann ech mech fir de Sproochentest umellen?

    D’Umeldung kennt Dir direkt iwwert eise Portail MyINL maachen.

  • Wéi laang ass den Zertifikat vum Sproochentest gülteg?

    Den Zertifikat vum Sproochentest ass onbegrenzt gülteg.

  • Wéini sinn déi nächst Sproochentester?

    Dir fannt déi nächst Testdaten an eisem online Kalenner an op eisem Portail MyINL.

  • Wéi vill kascht d’Umeldung fir de Sproochentest?

    D’Umeldung kascht 75 €, dëse Betrag goud an engem Règlement grand-ducal festgeluecht.

  • Wie ka sech fir de Sproochentest umellen?

    Jiddwereen, deen déi Lëtzebuerger Nationalitéit wëll ufroen an déi sproochlech Tester maache muss.

  • Kréien ech d’Käschten zréckbezuelt, wann ech net um Sproochentest deelgeholl hunn?

    E Kandidat, deen ouni Grond decidéiert, den Test net matzemaachen, oder dee beim Sproochentest feelt, kritt seng Suen net erëm a muss sech nach eng Kéier aschreiwen.

  • Adaptéiert Mesurë fir speziell Besoinen         

    Wann Dir wéinst enger Aschränkung speziell Upassunge braucht – fir am Cours deelzehuelen oder fir en Examen ze maachen – gitt wgl. dat noutwennegt Dokument of an deelt Är Besoinen iwwer eise Kontaktformular (-> Spezifesch Upassungen) mat, esoubal Är Umeldung confirméiert ginn ass.

  • Offréiert den INLL Coursen, fir Leit déi méi wéi 20 Joer zu Lëtzebuerg liewen an déi d’Nationalitéit kréie wëllen? (Gesetz vum 08/03/2017 Artikel 18) ?

    Neen, den INLL bitt keng speziell Coursen un, fir d’Nationalitéit ze kréien. Coursë mam Vermierk « Cours pour la nationalité (au moins 20 ans de résidence au Luxembourg, loi du 08/03/2017, art. 28) » (Speziell Coursë fir Persounen, déi op d’mannst zënter 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnen) gi vum « Service de la formation des adultes » an och vu senge konventionéierte Partneren ugebueden.

    https://men.public.lu/fr/systeme-educatif/formation-adultes/integration-nationalite/cours-examen.html

    https://www.lifelong-learning.lu/recherche/formations/langues/luxembourgeois/fr

  • Kontakt

    INLL Bureau des examens 21, boulevard de la Foire L-1528 Luxembourg Tel. : +352 26 44 30 – 311

    E-Mail: 

  • Wou kann ech mech umellen?

    Fir de LAF, den DELF-DALF, den TCF, de Goethe-Zertifikat, de PET, de FCE, den CAE, den CPE, den CELI an den DELE kënnt Dir Iech direkt am Examensbüro vum INLL umellen. D’Aschreiwungsformulairë kënnt Dir op folgender Säit eroflueden.


    Fir déi aner Exame kënnt Dir Iech direkt bei eise Partnerorganismen aschreiwen: TestDaF – TestDaF Teilnehmerportal DIPLE-DAPLE – Universidad de Lisboa IELTS – British council IELTS online registration.

  • Adaptéiert Mesurë fir speziell Besoinen         

    Wann Dir wéinst enger Aschränkung speziell Upassunge braucht – fir am Cours deelzehuelen oder fir en Examen ze maachen – gitt wgl. dat noutwennegt Dokument of an deelt Är Besoinen iwwer eise Kontaktformular (-> Spezifesch Upassungen) mat, esoubal Är Umeldung confirméiert ginn ass.

  • Wat fir Zertifikatioune kritt een am INLL?
    • Lëtzebuergesch:
      • Lëtzebuergesch als Friemsprooch (LAF, Niveauen A2, B1, B2, C1)
      • Sproochentest (fir d’lëtzbuergesch Nationalitéit ze kréien, A2 mëndlech, B1 Héierverstoen)
      • Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie (ZLO).
    • Franséisch:
      • Diplôme élémentaire de la langue française (DELF, Niveauen A2, B1, B2)
      • Diplôme approfondi de la langue française (DALF, Niveau C1)
      • Test de connaissance du français (TCF, Niveauen A1-C2).
    • Englesch:
      • Cambridge Assessment English (A2 Key, B1 Preliminary, B2 First, C1 Advanced, C2 Proficiency)
      • International English Language Testing System (IELTS, Niveauen A1-C2).
    • Däitsch:
      • Goethe Zertifikat (Niveauen A2, B1, B2, C1)
      • Test Deutsch als Fremdsprache (TestDaF, Niveauen B2 + C1).
    • Spuenesch:
      • Diplomas de Español como lengua extranjera (DELE, Niveauen A1-C2)
      • Servicio Internacional de Evaluación de la Lengua Española (SIELE, Niveauen A1-C1).
    • Italienesch:
      • Diploma della Lingua Italiana (CELI, Niveauen A1-C2).
    • Portugisesch:
      • Diploma de Português Língua Estrangeira (ACESSO-DUPLE, Niveaux A1-C2).
    • Hollännesch:
      • Certificaat Nederlands als Vreemde Taal (CNaVT, Educatief Startbekwaam (STRT) – B2).
  • Remboursementer