Gitt Är Sich an

LaF – Lëtzebuergesch als Friemsprooch

Wat ass de LaF-Diplom ?

Den Diplom Lëtzebuergesch als Friemsprooch (LaF) ass deen eenzegen offiziellen nationalen Diplom, fir Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch ze zertifiéieren. Déi ugebueden Niveauen entspriechen den Niveauen A2 bis C1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS). 

D’Exame baséieren op engem kommunikativen Usaz an evaluéieren d’sproochlech Kompetenzen. Den Diplom ka fir berufflech Zwecker nëtzlech sinn.

Oflaf vum LaF-Diplom

Den LaF-Diplom ass onofhängeg vun de Sproochecoursen. Et muss ee sech deemno net virdrun an e Lëtzebuergeschcours aschreiwen. 

Op all Niveau gi véier Kompetenze getest: Schwätzen, Schreiwen, Héierverstoen a Liesverstoen.

Dir musst Iech net an déi 4 Kompetenzen aschreiwen, wann Dir nëmmen un der Zertifikatioun vu verschiddene Beräicher interesséiert sidd.

Reussite

Fir eng Kompetenz ze packen, muss de Kandidat 60% vun de Punkte kréien. (loi du 8 mars 2023 portant création de l’lnstitut national des langues Luxembourg, Article 8, paragraphe 4)

Fir Iech eng Iddi vun deene verschiddenen Niveaue maachen ze kënnen, kënnt Dir Iech déi follgend Dokumenter ukucken:

Wou kann een de LaF-Diplom maachen?

Luxembourg – Glacis Méi Informatiounen