Gitt Är Sich an

Sprooche léieren: en effikassen Hiewel, fir Iech perséinlech a berufflech weiderzeentwéckelen

Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt d’Léiere vun enger Sprooch an engem wuelgesënnten Ëmfeld, an deem d’Zesummentreffen an den Austausch gefërdert ginn, zu der perséinlecher a berufflecher Weiderentwécklung vun eisen Apprenante(ë)n a vun eiser gesamter Gemeinschaft bäidréit.
Dofir leeë mir besonnesch vill Wäert drop, zesumme mat eise pedagogeschen an administrativen Ekippen en ideale Kader fir e beräicherenden Austausch vu Sproochkompetenzen ze schafen.

Eng Plaz fir sech ze begéinen an auszetauschen

Den INLL schaaft e Kader, an deem d’Leit sech begéinen a mateneen interagéiere kënnen, fir esou den Dialog an den Austausch, deen an de Coursen entsteet, bei villen Evenementer an Treffe fortzesetzen.