Gitt Är Sich an

Europäeschen Dag vun der Sprooch

Kommt a feiert den Europäeschen Dag vun de Sprooche mam INLL!

Vum 24. September bis den 9. Oktober bitt den INLL verschidden Aktivitéiten un, fir de Räichtum an d’Diversitéit vun de Sproochen ze feieren. 🤩

👉 Donneschdeg, de 24. September – Escape sac à dos

Vu 16:00 bis 17:00 Auer kënnt Dir bei eisem Atelier „Escape sac à dos“ op Franséisch an der Mediathéik matmaachen. Sidd Dir prett fir d’Erausfuerderung? 🔐🎒

Recommandéiert ab dem Niveau B1 a mat Umeldung: https://edulink.lu/kgvi

👉 Donneschdeg, de 24. September – Board Games Night 🎲

Vu 17:15 bis 19:00 Auer erwaart Iech  an der Mediathéik e méisproochege Gesellschaftsspillowend!

Keng Umeldung néideg.

👉 Freideg, de 25. September – Sproocheglécksrad

Kommt tëschent de Coursen an d’Entrée vun engem vun eisen dräi Sitten an dréint un eisem Glécksrad! 🍀

Maacht bei enger klenger sproochlecher Aktivitéit mat a loosst Iech iwwerraschen: Dir hutt d’Chance, INLL- a JEL-Gadgeten a virun allem e Cours beim INLL ze gewannen! *

Dir fannt eis zu dësen Auerzäiten:

07:45–08:15 | 09:45–10:15 | 11:45–12:15 | 13:45–14:15 | 16:45–17:15

👉 Vum 24. September bis den 9. Oktober – JEL-Ausstellung

Entdeckt eis Ausstellung „Erstaunlech Fakten iwwer Sproochen“ an test Äert Wësse mat eisem Online-Quiz. Dobäi hutt Dir d’Chance, eng exklusiv JEL-Kap ze gewannen! *

Mir freeën eis drop, zesumme mat Iech d’Sproochen ze feieren!

Vill Gléck alleguer! 🍀

*D’Participatiounsbedéngunge fannt Dir um Participatiounsformulaire.

Eis kontaktéieren

Kontaktformulaire

Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu

Detailer

  • Uert
  • lux