Léierziler
Um Enn vum Cours hutt Dir e besseren Iwwerbléck iwwer d’Lëtzebuerger Kultur a Gesellschaft. Dir kënnt beispillsweis Lëtzebuerger Schrëftsteller an hire soziohistoresche Kontext anuerdnen, déi Lëtzebuerger Triglossie an hirem haitege multikulturelle Kontext interpretéieren, den Entwécklungsprozess vun der Identitéit vu Lëtzebuerg vun engem Stat zu enger Natioun novollzéien.
Supporten
Historesch an aktuell Texter.