Consultez les dernières statistiques des cours et examens >
„Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ ass den Titel vum lëtzebuergesche Léierbuch, dat den Institut national des langues (INL) ausgeschafft huet. De Band A1 ass iwwerschafft ginn a kënnt an enger neier Versioun eraus. De Band A2 ass an deene leschten zwee Joer ausgeschafft ginn a knäppt un den éischte Band un.
D’Léierbicher riichte sech virun allem un Erwuessener déi e Lëtzebuergeschcours besichen. Si entspriechen den Niveauen A1 an A2 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) a vermëttele Kenntnisser an alle véier Kompetenzen: Héierverstoen, Liesverstoen, mëndlechen a schrëftlechen Ausdrock. Den Haaptaccent läit awer op der mëndlecher Kommunikatioun.
D’Theme vun den zwee Bänn spriechen e breede Public un a bidden eng gutt Virbereedung op Alldagssituatiounen an engem nationale Kontext. Och Informatiounen iwwer d’Land, Fester a Feierdeeg, Lëtzebuerger Spezialitéiten oder bekannt Lëtzebuerger ginn dem Apprenant an deene verschiddene Kapitele méi no bruecht.
D’Léierbicher A1 an A2 kommen Ufank September eraus a ginn zum Präis vun all Kéier 24 € TTC an de Librairië verkaaft.
D’Ecouten, d’Léisunge vun den Exercicer an d’Zousazmaterial stinn ab September um Site http://sdl.inll.lu.
Consultez notre dernière enquête de satisfaction auprès des apprenants >