Le contenu de cette page n’est disponible qu’en langue luxembourgeoise.
This page is only available in Luxembourgish.

Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (ZLSK)

Am „Institut national des langues“ (INL) gëtt ab Hierscht 2018 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) ugebueden.

Zilgrupp

D’Formatioun riicht sech u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte  Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.

Schwéierpunkten

De Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn. De spéideren Formateuren déi néideg theoretesch a praktesch, fachlech grad ewéi methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

Inhalt

3 Module vun am Ganzen 120 Stonnen:

  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

D’Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“.

Evaluatioun

D’Leeschtung an deenen eenzele Module gëtt duerch Tester (op 20 Punkten), schrëftlech Aarbechten, perséinlech Presentatiounen an eng Evaluation continue iwwerpréift. Eng regelméisseg Präsenz an en aktiivt Matschaffen an de Course gëtt virausgesat.

Ofschloss

Kandidaten, déi déi 3 Module mat Erfolleg ofgeschloss hunn, kréien den „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) , deen hinnen et erlaabt, iwwert en Agrément vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Lëtzebuergesch-Coursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze ginn.

Dauer an Horaire

  • 2 Semester;
  • vum 9. Oktober 2018 bis Mee 2019;
  • dënschdes vun 8:00-12:00 Auer a vun 13:00-15:00 Auer.

Tarif

100 € pro Semester

Viraussetzunge fir ugeholl ze ginn

  • „Diplôme de fin d’études secondaires classique/technique“ oder en equivalenten (homologéierten) Diplom, mammesproochlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen Minimum Niveau C1 vum Europäesche Referenzkader fir d’Sproochen), respektiv 7 Joer Scolaritéit am Grand-Duché am ëffentlechen oder privaten Enseignement no de Programmer vum Ministère;
  • op d’mannst 5 Joer Enseignement vum Lëtzebuergeschen an der Zäit virun 2009.

Kandidatur

De perséinlechen Dossier soll schrëftlech mat dësen Dokumenter agereecht ginn:

  • Aschreiwungsformulär;
  • Kopie vum Premièresdiplom oder eng (homologéiert) Equivalenz;
  • Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch, an deem d’Kompetenzen an d’Experienz vum Kandidat, souwéi déi perséinlech Virstellungen an Erwaardungen un d’Formatioun presentéiert ginn.

De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 21. September 2018.

Eng Selektioun gëtt opgrond vum Dossier gemaach.

Kontakt

Institut national des langues

21, bd de la Foire
L – 1528 Luxembourg

Carine Peller: Tel: 26 44 30-390
E-Mail: carine.peller@inll.lu

Weider Informatiounen

Règlement grand-ducal du 6 novembre 2009 déterminant l’organisation de la formation préparant au „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“

http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2009/11/06/n3/jo

NEIEGKEETEN

Lëtzebuergesch als Friemsprooch – nächst Examen: 14.12.2018

D‘Aschreiwunge fir den Examen „Lëtzebuergesch als Friemsprooch (LaF)“ vum Freideg, 14.12.2018 sinn elo op. Folgend Niveaue ginn deen Datum ugebueden: A2 – Zertifikat B1 – 1. Diplom B2 – 2. Diplom C1 – Ieweschten Diplom Weider Informatiounen an d‘Modalitéite fir iech anzeschreiwe fannt der hei: http://www.inll.lu/certifications-nationales-et-internationales/certification-en-langue-luxembourgeoise/

journée du patrimoine

Veuillez trouver le programme ici

Prochains cours d’initiation au luxembourgeois (24 heures)

Les cours concernent uniquement les personnes visées par l’article 28 de la loi du 8 mars 2017 sur la nationalité luxembourgeoise.* L’INL propose des cours de 24 heures d’initiation à la langue luxembourgeoise en expression orale et en compréhension de l’oral. Les cours se déroulent sur 30 heures en total. Cours LU17269 de 14h à […]

Postes vacants – Chargéen am Lëtzebuergeschen (m/w)

Le Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse se propose d’engager pour les besoins de l’Institut national des langues   Plusieurs chargés de cours (m/f) de luxembourgeois à tâche partielle ou à tâche complète et à durée déterminée ou à durée indéterminée à partir du 15 septembre 2018.   Profil: être titulaire […]

Vacances d’été – fermeture annuelle du 1er au 31 août 2018

Tous les sites de l’INL sont fermés au public pendant les congés d’été du 1er au 31 août 2018.