D’MEDIATHÉIK

D’Mediathéik vum INL soll zur Informatioun, Fuerschung, Formatioun, Educatioun a Kultur vun der INL-Bildungsgemeinschaft bäidroen.

 

An der INL-Mediathéik fënnt den Apprenant Bicher, Audiobicher, Filmer, Methoden, déi Buch an CD/DVD kombinéieren, a ronn drësseg verschidden Zäitschrëften an den aacht Sproochen, déi am INL enseignéiert ginn. D’Sammlung gëtt vervollstännegt duerch een- a méisproocheg Dictionnairen, Liesbicher (Romaner, vereinfacht Romaner an Audiobicher) wéi och didaktescht Material fir d’Léierpersonal.

 

Nëmmen Apprenantë mat enger gülteger Schülerkaart (carte d’apprenant) an d’Personal vum INL hunn Zougang zur Mediathéik. D’Dokumenter kënnen all an der Mediathéik selwer consultéiert ginn. Déi meescht Dokumenter kënnen och ausgeléint ginn.

Fir d’Benotzer vun der Mediathéik stinn och eng Rei Computeren zur Verfügung.

 

Dokumenter léinen

Wien am INL ageschriwwen ass oder do schafft, ka Bicher an aner Dokumenter gratis léinen. D’Friste fir geléintent Material sinn:

  • zwou Woche fir gedréckten Dokumenter (kann eemol verlängert ginn);
  • eng Woch fir Filmer (kann eemol verlängert ginn).

D’Apprenantë kënne maximal zwee Dokumenter pro Kéier léinen, d’Personal sechs.

Bréngt den Apprenant geléintent Material ze spéit hannescht, kann en temporär oder och definitiv fir d’Léine vu Material gespaart ginn.

D’Modalitéite vum Prêt sinn am interne Reglement festgehalen.

Ëffnungszäiten

Méindes 07:45 –12:30 et 13:00 – 17:00
Dënschtes 07:45 –12:30 et 13:00 – 18:00
Mëttwochs 07:45 –17:00
Donneschdes 07:45 –12:30 et 13:00 – 17:00
Freides 07:45 –12:30 et 13:00 – 16:00

An de Schoulvakanzen zou

Catalogue online

Filmkatalog

Klickt hei fir den Filmkatalog.

Zeitungen an Zäitschrëften

Klickt hei fir d’Zeitungen un d’Zäitschrëften.

THEMA VUN DER WOCH

20/11 – 24/11/2017 :

Walfer Bicherdeeg : Lëtzebuerger Buchpräiss 2017

Neiuschafungen

Zu den Neiuschafungen 2016/17.

News

Entdeckt déi lescht Neiegkeeten vun der Mediathéik.

01
Dec

Catalogue en ligne a-z.lu

At 14:55 pm
By Bibliothécaire