Coursen: generell Coursen, spezifesch Coursen

Frequenz: 1 bis 2 mol pro Woch

Dauer vun engem Cours: 100 Minutten

Präis: 100€ / 135€

Plazen: INL-Kirchberg, Lycée Aline Mayrisch

D’italienescht Departement

D’italienescht Departement besteet aus enger klenger, awer kohärenter Grupp vu qualifizéierte Mataarbechter, alles Mammesproochler, mat laangjäreger Erfarung an enger Ausbildung als Enseignant fir Italienesch als Friemsprooch.

Déi italienesch Sprooch huet sech an der Welt etabléiert als eng „schéi Sprooch, déi einfach gefält“; si huet hir fest Plaz an der Musek, der Kultur, dem Design, der Moud, dem Film an net ze vergiessen der Gastronomie an dem Tourismus, esou datt eis Coursë sech ëmmer iwwer e staarken Intressi freeë kënnen a vill Succès haten an hunn.

Eist Departement bitt eng breet Panoplie vu Sproochecoursë fir all Niveau vum europäesche Referenzkader, Ufänger bis Avancé, un. Och wann all d’Sproochekompetenzen an de Coursen trainéiert ginn, sou läit de Schwéierpunkt op der mëndlecher Expressioun.

Zousätzlech zu den allgemenge Sproochecoursë gi méi speziell Coursen ugebueden, wéi z. B. iwwer italienesch Kultur an Zivilisatioun.

Ufänger-Niveau

Tëschen-Niveau

Fortgeschrëttenen-Niveau

 NEIEGKEETEN

Pour la rentrée de l’INL

http://www.gouvernement.lu/7334872/12-inl-annee-academique  

Poste vacant

L’INL recrute un responsable communication (m/f) à mi-temps et à durée déterminée du 1er octobre 2017 au 30 septembre 2018 Les candidats intéressés trouveront le profil de poste, les conditions d’admission et les documents à fournir sur le site du gouvernement. http://www.govjobs.public.lu/content/govjobs/fr/postuler/postes-vacants/employes/2017/A1/20170921-conseillercommunication-inl.html Date limite de candidature: 4 septembre 2017

Am September kënnt den zweete Band vun der Serie „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“ eraus

„Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“  ass den Titel vum lëtzebuergesche Léierbuch, dat den Institut national des langues (INL) ausgeschafft huet. De Band A1 ass iwwerschafft ginn a kënnt an enger neier Versioun eraus. De Band A2 ass an deene leschten zwee Joer ausgeschafft ginn a knäppt un den éischte Band un. D’Léierbicher riichte sech virun allem un […]

Horaires d’ouverture INL-Kirchberg – été 2017

Jusqu’au 28/07/2017 : 08h00 – 12h00 Du 31/07/2017  au 01/09/2017 : fermé au public Du 04/09/2017 au 14/09/2017 : 08h00 – 12h00 Le 15/09/2017 : 10h45 – 14h15 / 15h15 – 18h45 (journée d’inscription)