
Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?
Den „Institut national des langues“ (INL) bitt ab Hierscht 2019 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) un.
D’Formatioun vun 120 Stonne riicht sech exklusiv u Leit, déi sech als Lëtzebuergesch-Formateuren an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder am konventionéierte Secteur wëllen aus- oder weiderbilde loossen.
D’ Formatioun ass folgend Samschdeger, ëmmer vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer:
28.09.19 / 05.10.19 / 12.10.19 / 19.10.19 / 09.11.19 / 16.11.19 / 23.11.19 / 30.11.19 / 07.12.19 / 14.12.19 (1.Semester)
11.01.20 / 18.01.20 / 25.01.20 / 01.02.20 / 08.02.20 / 29.02.20 / 07.03.20 / 14.03.20 / 21.03.20 / 28.03.20 (2.Semester)
Den Tarif ass 100 € pro Semester.
De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 19. Juli 2019.
All weider Informatiounen ënnert www.inll.lu/presentationzlsk