D’Aschreiwunge fir den ZLSK 22/23 sinn elo op!

Et kann een och elo mam ZLSK am Summersemester ufänken. Dës Aschreiwunge wäerten am Januar 2023 opgoen.

Formatioun fir Formateuren am Lëtzebuergeschen 2022-2023

„Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“

 

Am „Institut national des langues“ (INL) gëtt ab Hierscht 2022 erëm d’Formatioun “Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) ugebueden.

Dauer an Horaire

  • 2 Semester;
  • vu September 2022 bis Mee 2023;
  • Online & 10x samschdes, vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer.

Déi genee Datumer ginn nach kommunizéiert.

Tarif

100 € pro Semester

Viraussetzunge fir ugeholl ze ginn

  • „Diplôme de fin d’études secondaires classique/technique“ oder en equivalenten (homologéierten) Diplom.
  • Mammesproochlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen: minimum Niveau C1 vum Europäesche Referenzkader fir d’Sproochen), respektiv 7 Joer Scolaritéit am Grand-Duché am ëffentlechen oder privaten Enseignement no de Programmer vum Ministère;

oder

  • op d’mannst 5 Joer Enseignement vum Lëtzebuergeschen an der Zäit virun 2009.

Kandidatur

De perséinlechen Dossier soll schrëftlech mat dësen Dokumenter agereecht ginn:

  • Aschreiwungsformulaire;
  • Kopie vum Premièresdiplom oder eng (homologéiert) Equivalenz;
  • Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch, an deem d’Kompetenzen an d’Experienz vum Kandidat, souwéi déi perséinlech Virstellungen an Erwaardungen un d’Formatioun presentéiert ginn.

De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass den 15. Juli 2022.

Wa méi Kandidate sech mellen, wéi Plazen do sinn, gëtt eng Selektioun opgrond vum Dossier gemaach.

Kontakt

Institut national des langues

Luc Schmitz

21, bd de la Foire
L – 1528 Luxembourg

luc.schmitz@inll.lu

Règlement grand-ducal du 6 novembre 2009 déterminant l’organisation de la formation préparant au „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“

http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2009/11/06/n3/jo