Gitt Är Sich an

ZLO – Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie

Wat ass den ZLO ?

ZLO steet fir Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie.

Domadder ass en offiziellen, standardiséierten Test gemengt, deen aus 90 Froen zu der Lëtzebuerger Orthografie besteet.

Gesetz vum 8. Mäerz 2023 iwwer d’Grënnung vum nationale Sproocheninstitut (Institut national des langues Luxembourg).

Wien ass betraff?

Dësen Test riicht sech u Persounen, déi hir Kompetenzen an der Orthografie duerch en offiziellen Test zertifizéiere loosse wëllen.

Oflaf vum ZLO

Den Test besteet aus 90 Froen zur Lëtzebuerger Ortografie.

Bei all Saz sollt Dir déi Versioun vun engem Wuert eraussichen, déi Ärer Meenung no richteg geschriwwen ass.

Et gëtt ëmmer just eng richteg Äntwert.

Dauer: maximal 40 Minutten

Allgemeng Bestëmmungen

Bewäertung

All Kandidat, deen den Test ofschléisst, kritt vum INLL en Zertifikat ausgestallt, op deem dropsteet, wéi vill Prozent vun de gestallte Froen hie richteg beäntwert huet.

Demo-Versioun

Héi kënnt Dir den ZLO an enger Demo-Versioun eng Kéier probéieren, fir ze gesinn, wéi deen offiziellen Test wäert ausgesinn.

Weider Informatiounen

Wou kann een de ZLO maachen?

Luxembourg – Glacis Méi Informatiounen