Gitt Är Sich an

ZLO (“Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie”)

Zënter dem 11. November 2024 kann een sech fir den ZLO (“Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie”) aschreiwen, en neie standardiséierten Test, dee jiddwerengem et erlaabt, seng Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie ze evaluéieren a sech mat engem offiziellen Dokument zertifizéieren ze loossen. 

Den Test, fir den Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie ze kréien, kann een am INLL op engem Tablet maachen. Et dauert ronn véierzeg Minutten an ëmfaasst 90 Froen, déi nom Zoufallsprinzip erausgesicht ginn. 

Méi Informationen iwwert de ZLO: https://www.inll.lu/fr/zlo-fr/ 

Entdeckt déi nächst Sessiounen an de Link fir Iech unzemellen: https://myinl.inll.lu/fr_FR/exam/offer/zertifikat-letzebuerger-orthografie-18