Gitt Är Sich an

Formatioun ZLLL – Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren

D’Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) gëtt am Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg (INLL) ugebueden.

D’ Formatioun gëtt am „blended learning”-Format ofgehalen. 50 % vun de Coursë ginn a Form vu Presenzunterrecht ofgehalen (15 vun 30 Stonne Literatur, 15 vun 30 Stonne Linguistik an 30 vu 60 Stonnen Didaktik).

De Presenzunterrecht fënnt ëmmer samschdes statt.

D’Formateuren an d’Formatricë bidden ausserdeem wärend der Woch Spriechstonnen un, fir op all eventuell Froen ze äntweren.

Déi nächst Aschreiwunge ginn Mëtt Juni 2024 op.

Zilgrupp

Dës Formatioun riicht sech u Persounen, déi sech als Enseignant(e) an der Erwuessenebildung aus- oder weiderbilde wëlle loossen, fir bei de Gemengen oder an engem staatlech subventionéierte Secteur Coursen ze ginn / ze schaffen.. 

Objektiver vun der Formatioun

  • Kenntnisser, Kompetenzen a Léierprozesser am Beräich vun der Erwuessenebildung grad ewéi sproochgeschichtlech Kenntnisser ze vermëttelen.
  • den Enseignante(ë)n theoreetesch a praktesch Kenntnisser, Methoden a Sproochendidaktik ze vermëttelen.

Inhalt

D’Formatioun ëmfaasst dräi Modülle mat am Ganzen 120 Stonne Cours (Presenzunterrecht an online):

  • Didaktik (60 Stonnen)
  • Linguistik (30 Stonnen)
  • Literatur a Kultur (30 Stonnen)
  • En obligatoresche Stage am INLL (3 x 2 Stonnen) iwwer den Enseignement vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch an der Praxis.

Programm

Déi follgend Erklärunge ginn Iech e méi detailléierten Iwwerbléck iwwer den Unterrechts- a Léierprogramm vun deene verschiddene Modüllen.

Modüll 1 – Literatur a Kultur (30 Stonnen)

  • Lëtzebuerger Literaturgeschicht
    • Allgemeng Aféierung an d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur vum 19. Joerhonnert bis haut
    • Déi verschidde literaresch Genrë ginn unhand vun exemplareschen Texter virgestallt.
  • Literaturdidaktik
    • Rezeptioun, Interpretatioun vu literareschen Texter a méiglech Vermëttlung am Cours
  • Historesch a kulturell Aspekter
    • Kuerzen Iwwerbléck iwwer d’Geschicht vum Grand-Duché an d’Spezifizitéite vun der franséischer an däitscher Sprooch a Kultur
    • Duerstellung vun deene verschiddene kulturellen Institutiounen a Medien am Sproocheberäich
  • Soziokulturell Aspekter
    • Gesellschaftlech Charakteristiken an typesch Eegenaarte vu Lëtzebuerg, wéi Fester, Bräich oder Iessgewunnechten

Modüll 2 – Didaktik (60 Stonnen)

  • Methodik
    • Ofwiesslungsräich Unterrechtsmethoden asetzen, fir d’Klass ze motivéieren an d’Apprenante(ë)n, onofhängeg vun hirem Niveau, ze fërderen; Strategien entwéckelen, fir de Vocabulaire ze vermëttelen an d’Apprenante(ë)n dobäi ze ënnerstëtzen, selbstänneg ze léieren
  • Übungsmaterial
    • Sech mam Zousazmaterial (fräit Material, audiovisuellt Material, Texter, Flyeren, Zeitungsartikelen, Reportagen, Noriichten) familiariséieren a beurteelen, wéi e Material sech eegent, fir an der Klass benotzt ze ginn
  • Erwuessenebildung
    • Aféierung an d’Grondkonzepter vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch (LaF)
    • Kenneléiere vun de spezifeschen Ëmstänn, ënnert deenen Erwuessener eng Sprooch léieren
    • Léieren, d’Klass ze geréieren, d’Apprenante(ë)n ze fërderen, eng angschtfräi Atmosphär an der Klass ze schafen, mat onerwaarte Situatiounen oder mat Feeler ëmzegoen

Modüll 3 – Linguistik a Grammatik (30 Stonnen)

  • Sproochgeschicht
    • Kenntnisser iwwer d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch an de groussen Zich
  • Orthographie
    • Grondlage vun der offizieller Schreifweis
    • Computer- an Onlineprogrammer, mat deenen dëst Basiswëssen am Auto-Apprentissage (jee no perséinlechem Besoin) ka verdéift ginn
  • Phonetik
    • Induktiv Approche
    • Integrativ Approche
    • Éischt Aféierung an Phoneetik vum Lëtzebuergeschen
    • Analys vun de phoneeteschen Eegenheeten, déi en Afloss op d’Orthographie hunn.
    • Phoneetesch Reegele mat konkreete Beispiller
    • Praktesch Übungen an Textmaterial, fir Phoneetik an der Klass anzesetzen
  • Grammatik
    • Induktiv Approche
    • Integrativ Approche
    • Familiariséierung mat der Basis vun der Lëtzebuerger Grammatik a mam Zousazmaterial, fir op eventuell Froe vun den Apprenante(ë)n äntweren ze kënnen; d’Reegele ginn unhand vu konkreeten Texter erkläert.
    • Mat induktiven an integrative Methode gi grammatesch Aspekter ausgeschafft, déi d’Apprenante(ë)n an hirem Léierprozess a bei der schrëftlecher a mëndlecher Kommunikatioun ënnerstëtzen

Ofschloss

  • De Cours gëtt um Enn vum Semester an alle Modülle mat engem Test an/oder enger perséinlecher Aarbecht ofgeschloss (no Ofsprooch mam Enseignant oder der Enseignante). Dës Ofschlossaarbecht muss op d’Praxis ausgeriicht sinn.
  • Wärend de Sequenze vum Auto-apprentissage gëtt de Kandidat resp. d’Kandidatin selbstverständlech vum jeeweilegen Titulaire encadréiert a kritt zum Beispill Informatiounen iwwer d’Zousazmaterial.
  • D’Formateuren an d’Formatricë stinn de Kandidaten a Kandidatinnen och eemol an der Woch zur Verfügung, fir eventuell Froen ze klären.

Ofschloss-Bewäertung an Zertifikat

D’Bewäertung vun de Leeschtunge gëtt follgendermoosse gemaach:

  • Bewäertung vun de verschiddene Modüllen op Basis vun Tester, schrëftlecher Aarbecht, enger perséinlecher Presentatioun (vun 20 Punkten) a kontinuéierlech Bewäertung.
  • Reegelméisseg Presenz (iwwer 75%) an aktiivt Matschaffen an der Klass sinn obligatoresch.
  • Den Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren (ZLLL) Diplom gëtt no der Reussite vun den dräi Modüllen ausgezeechent.
  • Laut dem Reglement vum Service Erwuessenebildung (Sfa) erlaabt dësen Diplom Iech Lëtzebuergesch an de Gemengen oder an de Gemengen oder am konventionéierte Secteur z’ënneriichten.

Dauer, Prozedur a Virausssetzungen, fir ugeholl ze ginn

Dauer an Horaire

D’Formatioun ass zäitlech follgendermoossen organiséiert:

  • Dauer: 2 Semesteren
  • Zäitraum: Februar 2024 / Februar 2025
  • Online + 10 x samschdes, vun 9-12 Auer a vun 13-16 Auer.
  • D’Datummer fir de Presenzunterrecht vum nächste Semester sinn (Ännerunge virbehalen) :
    • 02.03.24
    • 16.03.24
    • 20.04.24
    • 04.05.24
    • 08.06.24
    • 15.06.24 (Reserv)

Tarif

100 € pro Semester

Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn

  • Diplôme de fin d’études secondaires classique/technique” oder en equivalenten (unerkannten) Diplom
  • Mammesproochlech Kompetenzen am Lëtzebuergeschen: op d’mannst Niveau C1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen

Kandidatur

D’Kandidaturdossiere si schrëftlech anzereechen a mussen déi follgend Dokumenter enthalen:

  • Aschreiwungsformulaire.
  • Kopie vum Premièresdiplom oder enger unerkannter Equivalenz.
  • Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch, an deem d’Kompetenzen an d’Experienz vum Kandidat resp. der Kandidatin, souwéi déi perséinlech Erwaardungen un d’Formatioun presentéiert ginn, eventuell: en Dokument, dat en Niveau C1 am Lëtzebuergeschen zertifiéiert.

Déi nächst Aschreiwunge ginn Mëtt Juni 2024 op.