Gitt Är Sich an

Sproochentest: Aschreiwungen

D’Nofro fir de Sproochentest ass staark an d’Zuel vun den Umeldunge klëmmt vu Joer zu Joer. All Mount si méi ewéi 800 Plazen disponibel, dës sinn awer ëmmer ganz séier reservéiert. D’Datumer vun den Testsessioune ginn net all zesumme publizéiert; reegelméisseg ginn nei Sessiounen online gesat, fir am Laf vum Joer weider Aschreiwungsméiglechkeeten unzebidden.

Mir bieden déi interesséiert Persounen, eis Aschreiwungsplattform (https://myinl.inll.lu) reegelméisseg ze consultéieren, fir sech iwwer nei disponibel Sessiounen ze informéieren.