Gitt Är Sich an

Eis Offer fir déi russesch Sprooch

Ты говоришь на русском языке?

Dir wëllt Russesch léieren oder Är Russeschkenntnisser verdéiwen an erweideren, fir Iech berufflech oder privat weiderzeentwéckelen? 

Eis dynamesch a weltoppen Ekipp fir Sproocheformatiounen hëlleft Iech, Är Ziler ze erreechen, a begleet Iech op Ärer sproochlecher Rees.

Eis Method

D’Grondsätz vum Enseignement, vum Léierprozess a vun der Evaluatioun am INLL baséieren op den Direktive vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS, www.coe.int), dee vum Europäesche Rot ausgeschafft gouf. Dëse Klassifikatiounssystem ëmfaasst sechs Niveauen, vun A1 fir absolut Ufänger bis C2, wat dem Niveau vun engem Mammesproochler entsprécht.

Zorte vu Coursen, déi mir am Russesch ubidde kënnen

  • Kompaktcours

    • Maximal 2 Coursë pro Woch
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Standardcours

    • 2 bis 3 Coursë pro Woch (jee no Niveau)
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester

Verfügbar GERS-Niveauen

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech mat einfache Wierder a Sätz an alldeegleche Situatioune verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech op einfach Aart a Weis am Alldag verstännegen.

Op dësem Niveau sidd Dir an der Lag, alldeeglech Situatiounen ze bewältegen an Iech (mat eventuellen Hesitatiounen) zu aktuelle Geschéien ze äusseren.

Verfügbar Sitten

    Dir kënnt eis Russeschcoursen op dësem Site vum INLL suivéieren:

Luxembourg – Glacis Méi Informatiounen