Gitt Är Sich an

Eis Offer fir déi Portugisesch Sprooch

Falar português?

Dir wëllt Portugisesch léieren oder Är Portugiseschkenntnisser verdéiwen an erweideren, fir Iech berufflech oder privat weiderzeentwéckelen? 

Eis dynamesch a weltoppen Ekipp fir Sproocheformatiounen hëlleft Iech, Är Ziler ze erreechen, a begleet Iech op Ärer sproochlecher Rees.

Eis Method

D’Grondsätz vum Enseignement, vum Léierprozess a vun der Evaluatioun am INLL baséieren op den Direktive vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS, www.coe.int), dee vum Europäesche Rot ausgeschafft gouf. Dëse Klassifikatiounssystem ëmfaasst sechs Niveauen, vun A1 fir absolut Ufänger bis C2, wat dem Niveau vun engem Mammesproochler entsprécht.

Zorte vu Coursen, déi mir am Portugiseschen ubidde kënnen

  • Standardcours

    • 2 bis 3 Coursë pro Woch (jee no Niveau)
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester

Zertifikatiounen

Eis Apprenante(ë)n, grad ewéi all aner Persounen, hunn d’Méiglechkeet, déi follgend Examen ze maachen, fir hir Sproochekenntnisser zertifiéieren ze loossen:

  • Diploma Intermédio de Português Língua Estrangeira
  • Diploma Avançado de Português Língua Estrangeira (DIPLE-DAPLE, Niveaux A2, B1, B2, C1).

Verfügbar GERS-Niveauen

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech mat einfache Wierder a Sätz an alldeegleche Situatioune verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech op einfach Aart a Weis am Alldag verstännegen.

Op dësem Niveau sidd Dir an der Lag, alldeeglech Situatiounen ze bewältegen an Iech (mat eventuellen Hesitatiounen) zu aktuelle Geschéien ze äusseren.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech zu engem breede Spektrum vun Theeme spilles an am Grousse Ganze korrekt verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir d’Sprooch wierksam a flexibel benotzen.

Verfügbar Sitten

Dir kënnt eis Portugiseschcoursen op de follgende Sitte vum INLL suivéieren:

Luxembourg – Glacis Méi Informatiounen