Gitt Är Sich an

Eis Offer fir déi Lëtzebuergesch Sprooch

Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?

Dir wëllt Lëtzebuergesch léieren oder Är Lëtzebuergeschkenntnisser verdéiwen an erweideren oder d’Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, fir déi adequat Sproochekenntnisser eng Virbedéngung sinn? 

Mir kënnen Iech weiderhëllefen. Den INLL ass als national Zertifizéierungsinstanz fir Diplomer an Zertifikater an der Lëtzebuerger Sprooch unerkannt. Eis dynamesch a weltoppe Formatiounsekipp begleet Iech gäre bei Ärer Demarche, fir d’Landessprooch vum Grand-Duché ze léieren.

Eis Method

D’Grondsätz vum Enseignement, vum Léierprozess a vun der Evaluatioun am INLL baséieren op den Direktive vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS, www.coe.int), dee vum Europäesche Rot ausgeschafft gouf. Dëse Klassifikatiounssystem ëmfaasst sechs Niveauen, vun A1 fir absolut Ufänger bis C2, wat dem Niveau vun engem Mammesproochler entsprécht.

Zorte vu Coursen, déi mir am Lëtzebuergeschen ubidde kënnen

  • Standardcours

    • 2 bis 3 Coursë pro Woch (jee no Niveau)
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Intensivcoursë mat berufflecher Ausriichtung

    • 4 Coursë pro Woch
    • Coursë vun 200 Minutten
    • Dauer 8 Wochen
  • Kompaktcours

    • Maximal 2 Coursë pro Woch
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Coursen a Form vu Workshoppen

    • 1 bis 2 Coursë pro Woch
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Blended learning

    • 1 bis 2 Coursë pro Woch an der Klass an 1 Cours pro Woch am Fernunterrecht (Selbststudium)
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • e-Learning Cours

    • 2 bis 3 Online-Coursë pro Woch
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Hybride Cours

    • 2 bis 3 Coursë pro Woch (an der Klass ODER Online-Unterrecht)
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester

Benotzte Bicher

Niveau A1 :

Schwätzt Dir Lëtzebuergesch? A1

Niveau A2.1 / A2.2 :

Schwätzt Dir Lëtzebuergesch? A2

Niveau B1.1 / B1.2 / B1.3 :

Schwätzt Dir Lëtzebuergesch? B1

Zertifikatiounen

Eis Apprenante(ë)n, grad ewéi all aner Persounen, hunn d’Méiglechkeet, déi follgend Examen ze maachen, fir hir Sproochekenntnisser zertifiéieren ze loossen:

Verfügbar GERS-Niveauen

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech mat einfache Wierder a Sätz an alldeegleche Situatioune verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech op einfach Aart a Weis am Alldag verstännegen.

Op dësem Niveau sidd Dir an der Lag, alldeeglech Situatiounen ze bewältegen an Iech (mat eventuellen Hesitatiounen) zu aktuelle Geschéien ze äusseren.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech zu engem breede Spektrum vun Theeme spilles an am Grousse Ganze korrekt verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir d’Sprooch wierksam a flexibel benotzen.

Sproochentest Lëtzebuergesch

Den INLL ass den offizielle Prestataire vum Sproochentest Lëtzebuergesch. Dat ass den Examen, mat deem déi mëndlech Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch evaluéiert ginn, fir d’lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien.

Formatioun ZLLL – Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren

Dës Formatioun riicht sech u Persounen, déi sech als Enseignant(e) an der Erwuessenebildung bei de Gemengen oder an engem staatlech subventionéierte Secteur aus- oder weiderbilde wëlle loossen.

Verfügbar Sitten

Dir kënnt eis Lëtzebuergeschcoursen op de follgende Sitte vum INLL suivéieren: