Gitt Är Sich an

Eis Offer fir déi Däitsch Sprooch

Sprechen Sie Deutsch?

Dir wëllt Däitsch léieren oder Är Däitschkenntnisser verdéiwen an erweideren, fir Iech berufflech oder privat weiderzeentwéckelen? 

Eis dynamesch a weltoppen Ekipp fir Sproocheformatiounen hëlleft Iech, Är Ziler ze erreechen, a begleet Iech op Ärer sproochlecher Rees.

Eis Method

D’Grondsätz vum Enseignement, vum Léierprozess a vun der Evaluatioun am INLL baséieren op den Direktive vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS, www.coe.int), dee vum Europäesche Rot ausgeschafft gouf. Dëse Klassifikatiounssystem ëmfaasst sechs Niveauen, vun A1 fir absolut Ufänger bis C2, wat dem Niveau vun engem Mammesproochler entsprécht.

Zorte vu Coursen, déi mir am Däitschen ubidde kënnen:

  • Standardcours

    • 2 bis 3 Coursë pro Woch (jee no Niveau)
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Intensivcoursë mat berufflecher Ausriichtung

    • 4 Coursë pro Woch
    • Coursë vun 200 Minutten
    • Dauer 8 Wochen
  • Kompaktcours

    • Maximal 2 Coursë pro Woch
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Coursen a Form vu Workshoppen

    • 1 bis 2 Coursë pro Woch
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • Blended learning

    • 1 bis 2 Coursë pro Woch an der Klass an 1 Cours pro Woch am Fernunterrecht (Selbststudium)
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester
  • e-Learning Cours

    • 2 bis 3 Online-Coursë pro Woch
    • Coursë vun 100 Minutten
    • Dauer 1 Semester

Zertifikatiounen

Eis Apprenante(ë)n, grad ewéi all aner Persounen, hunn d’Méiglechkeet, déi follgend Examen ze maachen, fir hir Sproochekenntnisser zertifiéieren ze loossen:

  • Goethe Zertifikat (Niveaux A2, B1, B2, C1)
  • Test Deutsch als Fremdsprache (TestDaF, Niveaux B2 + C1)

Verfügbar GERS-Niveauen

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech mat einfache Wierder a Sätz an alldeegleche Situatioune verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech op einfach Aart a Weis am Alldag verstännegen.

Op dësem Niveau sidd Dir an der Lag, alldeeglech Situatiounen ze bewältegen an Iech (mat eventuellen Hesitatiounen) zu aktuelle Geschéien ze äusseren.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech zu engem breede Spektrum vun Theeme spilles an am Grousse Ganze korrekt verstännegen.

Op dësem Niveau kënnt Dir d’Sprooch wierksam a flexibel benotzen.

Op dësem Niveau kënnt Dir Iech spilles verstännegen a Nuancen am Zesummenhang mat komplexen Theemen erfaassen.

Verfügbar Sitten

Dir kënnt eis Däitschcoursen op de follgende Sitte vum INLL suivéieren: