Dir wëllt Arabesch léieren oder Är Arabeschkenntnisser verdéiwen an erweideren, fir Iech berufflech oder privat weiderzeentwéckelen?
Eis dynamesch a weltoppen Ekipp fir Sproocheformatiounen hëlleft Iech, Är Ziler ze erreechen, a begleet Iech op Ärer sproochlecher Rees.
D’Grondsätz vum Enseignement, vum Léierprozess a vun der Evaluatioun am INLL baséieren op den Direktive vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS, www.coe.int), dee vum Europäesche Rot ausgeschafft gouf. Dëse Klassifikatiounssystem ëmfaasst sechs Niveauen, vun A1 fir absolut Ufänger bis C2, wat dem Niveau vun engem Mammesproochler entsprécht.
Op dësem Niveau kënnt Dir Iech mat einfache Wierder a Sätz an alldeegleche Situatioune verstännegen.
Op dësem Niveau kënnt Dir Iech op einfach Aart a Weis am Alldag verstännegen.
Dir kënnt eis Arabeschcoursen op dësem Site vum INLL suivéieren: