📢 Nous recrutons un(e) gestionnaire des Ressources humaines.
Envie de nous rejoindre ? Postulez via le site GovJobs jusqu’au 17/03/2026.
Gestionnaire RH – Maacht den Ënnerscheed mat eis!
Am Institut national des langues Luxembourg (INLL) ginn d’Ressources humaines wäit iwwer déi reng administrativ Gestioun eraus: si ënnerstëtzen d’Mënschen a droen aktiv zur Zukunft vun de Sprooche bäi.
Eis HR-Ekipp begleet an ënnerstëtzt méi wéi 200 Enseignant·innen a 40 Mataarbechter·innen an der Administratioun, am Service Technique an am Service Entretien, op eisen dräi Sitten : Glacis, Belval a Miersch / Ettelbréck.
Zesummen droe mir all Joer zum Erfolleg vu méi wéi 16.500 Aschreiwunge vun Apprenant·en a vu 6.000 Kandidat·innen bei den Exame bäi.
Als Gestionnaire RH op de Sitte Glacis an Ettelbréck sidd Dir e wichtege Pilier fir de gudde Fonctionnement vun eise Missiounen, andeems Dir fir e kloert a séchert Aarbechtskader fir eis Ekippe suergt.
Wëllt DirDeel vun enger engagéierter Ekipp ginn?
👉 All Informatioune fannt Dir op GovJobs : https://govjobs.public.lu/fr/postuler/postes-ouverts/postes-vacants/fonctionnaires/2026/A1/Fevrier/20260227-gestionnairedesressourceshumai-449441.html