Gitt Är Sich an

Eis Infrastrukturen

D’Mediathéike vum INLL

D’Mediathéike vum INLL sinn als Plaze geduecht, wou ee léieren, sech begéinen, sech austauschen an entspane kann. Si sollen zu der Informatioun, Fuerschung, Formatioun, Bildung a Kultur vun der Bildungsgemeinschaft vum INLL bäidroen.

An de Sammlunge vun de Mediathéike vum INLL Glacis a vum INLL Belval fënnt ee Bicher, Héierbicher, Filmer, Zäitschrëften, Dages- a Wochenzeitungen, Dictionnairen, Comics a pedagogescht Multimedia-Material iwwer d’Sproochen, déi am INLL enseignéiert ginn.

D’Mediathéike sinn zougänglech fir jiddwereen, et muss ee sech awer umellen.

Den Umeldungsformulaire kritt een am Accueil vun de Mediathéiken. All d’Dokumenter kënnen op der Plaz consultéiert ginn an déi meescht kënnen och ausgeléint ginn.

Prêt-Service

Fir d’Ausléine gëllen déi follgend Fristen:

  • 28 Deeg fir gedréckten Dokumenter (kann eemol verlängert ginn);
  • eng Woch fir Filmer (kann eemol verlängert ginn).

D’Modalitéite vum Prêt sinn am interne Reglement festgehalen.

Mediathéik vum INLL-Glacis

  • Méindes: 8:30 – 19:00 Auer
  • Dënschdes: 8:30 – 19:00 Auer
  • Mëttwochs: 8:30 – 19:00 Auer
  • Donneschdes: 8:30 – 19:00 Auer
  • Freides: 8:30 – 16:00 Auer

Mediathéik vum INLL-Belval

  • Méindes: 8:30 – 12:30 Auer & 13:30 – 17:00 Auer
  • Dënschdes: 8:30 – 12:30 Auer & 13:30 – 17:00 Auer
  • Mëttwochs: 8:30 – 12:30 Auer & 13:30 – 17:00 Auer
  • Donneschdes: 8:30 – 12:30 Auer & 13:30 – 17:00 Auer
  • Freides: 8:30 – 12:30 Auer & 13:30 – 17:00 Auer

An de Schoulvakanze sinn d’Mediathéiken zou.

Restaurant Lingua

De Restaurant Lingua um Glacis luet Iech an, eng kleng Paus ze maachen, a proposéiert Iech Kaffi, Pâtisserie, Müsli, Gedrénks, Sandwicher, waarm Molzechten, en Zalotecomptoir, Zalote fir matzehuelen, hausgemaachte Jugurt, wäisse Kéis, frësch Uebstzalot an nach villes méi …

Sproochentandem

Wat ass e Sproochentandem?

E Sproochentandem ass eng flexibel an informell Léisung, mat där ee Sproochecoursen ergänzen an/oder d’Sprooch mat engem Mammesproochler praktizéiere kann.

D’Zil ass et, eng Win-Win-Kommunikatiounssituatioun fir béid Partner ze schafen. Dir schwätzt an der Zilsprooch, déi Dir Iech ausgewielt hutt, mat engem mammesproochleche Partner (oder een, deen d’Sprooch ganz gutt kann) an Dir bitt un, an Ärer Mammesprooch (oder enger Sprooch, déi Dir ganz gutt kënnt) mat engem Partner ze schwätzen, deen déi Sprooch léiere wëll.

Aschreiwung an Organisatioun vun den Treffen

Den INLL hëlleft Iech, den Tandem-Partner oder d’Tandem-Partnerin ze fannen, dee bzw. déi bei Iech passt!

Fëllt d’Aschreiwungsfiche aus, déi Dir am Sous-sol vum INLL um Glacis beim Restaurant Lingua oder an der Mediathéik vum INLL Glacis oder Belval fannt, an hänkt se einfach um Panno op.

Dir kënnt och d’Aschreiwungsfichë vun aneren Apprenante(ë) consultéieren an d’ Kontaktdonnéeën notéieren. Soubal Dir en Tandem-Partner oder eng Tandem-Partnerin fonnt hutt, kënnt Dir Är Fiche vum Panno erofhuelen an e Rendez-vous fir Äre Sproochentandem organiséieren, wéi, wéini a wou et Iech am beschte passt.

Dir kënnt Ären Tandem och an eise Raimlechkeeten organiséieren.
Hei fannt Dir all d’Informatiounen iwwer eis divers Neiegkeeten.