Gitt Är Sich an

Formatioun Komco – Kommunikatiounscoaching

D’Formatioun Kommunikatiounscoaching (Komco), fir den Titel vu Kommunikatiounscoach ze kréien, gëtt am Institut national des langues Luxembourg (INLL) ugebueden.

D’Formatioun bereet drop vir, Kolleegen a Kolleeginnen ze begleeden, fir hir Kommunikatioun an der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken an dat an engem professionellen, multikulturellen Ëmfeld.

Based on Språkombud/Language advocate. VO-College Sweden

Zilgrupp

D’Formatioun riicht sech u jiddereen, deen:

  • fléissend Lëtzebuergesch schwätzt oder deem seng Mammesprooch Lëtzebuergesch ass,
  • Kommunikatiounscoach wëll ginn, fir d’Kolleeg*innen op der Aarbechtsplaz ze begleeden,  mam Zil hinne mat Bienveillance ze hëllefen, d’Lëtzebuergescht op der Aarbecht ze benotzen ,
  • autonom an oppen ass ,
  • dat néidegt informatescht Material zu senger Verfügung huet an déi néideg informatesch Kompetenzen (Office 365 an Internet) huet.

Zil vun der Formatioun

D’Formatioun huet als Zil, d’Participant.e.en ze forméieren, fir hir Mataarbechter*innen an hirem Léierprozess vun der Kommunikatioun an der Lëtzebuerger Sprooch ze begleeden, an dat vun engem linguistischen an interkulturelle Standpunkt an engem professionnellen, multikulturellen Ëmfeld.

Inhalt vun der Formatioun

D’Formatioun dauert insgesamt 40 Stonnen a gëtt op Lëtzebuergesch gehalen.
Se gëtt am Blended Learning Format ugebueden.

  • 4 Formatiounsdeeg am présentiel, vun 9:00 bis 12:00 a vun 13:00 bis 16:00 am Institut national des langues Luxembourg (INLL), um Site vum Glacis (21 Bd de la Foire 1528, Lëtzebuerg). Et geet ëm d’Begleedung vun Erwuessenen an hirem Léierprozess an ëm d’Roll vum Kommunikatiounscoach.
    • Modüll 1 : d’Roll vum Kommunikatiounscoach
    • Modüll 2 :  Outilen fir d’Begleedung vun Erwuessenen an hirem Léierprozess op der Aarbecht
    • Modüll 3 : Ausschaffe vu Material
    • Modüll 4 : Aktiounspläng
  • 16 asynchron Formatiounsstonnen an Autonomie, déi wärend der Aarbechtszäit an op der Aarbechtsplaz tëscht de presentielle Sessiounen ze verdeele sinn. Et handelt sech ëm praktesch Exercicer, déi erméiglechen, Material auszeschaffen, dat direkt op der Aarbechtsplaz agesat ka ginn.

D’Formatioun

Si beinhalt:

  • individuell Aufgaben a Gruppenaarbechten
  • theoretesch Elementer (Enseignement vun de Sprooche bei Erwuessenen, virun allem am professionelle Milieu)
  • praktesch Exercicer (Ëmsetzung vun der Theorie duerch Aktivitéiten, déi direkt op der Aarbechtsplaz agesat kënne ginn)

Zum Schluss vun der Formatioun sollt Dir, jee no Ärer perséinlecher Aarbecht, fäeg sinn:

  • déi noutwendeg andragogesch Outilen anzesetzen, fir Erwuessener an hirem Léierprozess op der Aarbechtsplaz ze begleeden,
  • d’Roll vun dem Mediateur/der Mediatrice fir déi sproochlech an interkulturell Kommunikatioun an der Lëtzebuerger Sprooch an der Entreprise unzehuelen,
  • Gespréicher mat Kolleeg*innen ze féieren, fir déi sproochlech Entwécklung an déi autonom Kommunikatioun op Lëtzebuergesch ze fërderen.

Wichteg Datumer

  • Remise vun den Dossieren:
    • Vun e Méindeg, dem 08.06.2026 bis e Freideg, den 11.09.2026
  • Informatiounsreunioun vun de Kandidat*innen, deenen hir Dossieren zeréckbehale goufen:
    • Méindeg, den 13.07.2026, 18:00-19:00
    • Dënschdeg, de15.09.2026, 18.00-19:00
  • Sensibilisatiounsreunioun fir d’Manager*innen a Chef.fe.s-de-Servicë vun den ageschriwwene Participant.e.en:
    • Donneschdeg, den 01.10.2026, vu 14:00 bis 16:00
  • Formatiounen am presentiel:
    • Donneschdeg, den 08.10.2026 vun 9:00 bis 12:00 a vun 13:00 bis 16:00
    • Donneschdeg, den 12.11.2026 vun 9:00 bis 12:00 a vun 13:00 bis 16:00
    • Donneschdeg, den 10.12.2026 vun 9:00 bis 12:00 a vun 13:00 bis 16:00
    • Donneschdeg, de 14.01.2027 vun 9:00 bis 12:00 a vun 13:00 bis 16:00

Modalitéite fir d’Evaluatioun an d’Certificatioun

D’Evaluatioun ass iwwert déi ganz Formatioun verdeelt.

D’Konditiounen, fir de Certificat ze kréien:

  • E Minimum vu 70% Presenz muss erreecht ginn.
  • All d’asynchron Aufgaben/Aktivitéite musse gemaach ginn an dräi dovu musse mëndlech virgestallt ginn.
  • En Aktiounsplang muss opgestallt a virgestallt ginn.

Wann all dës Konditiounen erfëllt sinn, kréien d’Participant.e.en zum Schluss vun der Formatioun de Certificat Kommunikatiounscoach op der Aarbechtsplaz.

Konditioune fir d’Aschreiwung

Am Dossier fir d’Kandidatur solle follgend Elementer sinn:

Tarif vun der Formatioun: 100 €

D’Dossiere fir d’Kandidature  fir d’Sessioun 2026-2027 kënne vum 8. Juni 2026 bis den 11. September 2026 agereecht ginn.
Eng Informatiounsreunioun ass e Méindeg, den 13. Juli 2026 vun 18:00 bis 19:00 oder en Dënschdeg, de 15. September vun 18:00 bis 19:00 um INLL- Glacis fir déi Kandidat*innen, déi zeréckbehal goufen.