D’MEDIATHÉIKEN
D’Mediathéike vum INL soll zur Informatioun, Fuerschung, Formatioun, Educatioun a Kultur vun der INL-Bildungsgemeinschaft bäidroen.
An der INL Glacis-Mediathéik fënnt den Apprenant Bicher, Audiobicher, Filmer, Methoden, déi Buch an CD/DVD kombinéieren, a ronn drësseg verschidden Zäitschrëften an den néng Sproochen, déi am INL enseignéiert ginn. D’Sammlung gëtt vervollstännegt duerch een- a méisproocheg Dictionnairen, Liesbicher (Romaner, vereinfacht Romaner an Audiobicher) wéi och didaktescht Material fir d’Léierpersonal.
An der INL Belval-Mediathéik fënnt den Apprenant Methodebicher, Liesbicher an Dages- a Wochenzeitunge a véier vun deene fënnef Sproochen déi am INL Belval ënnerriicht ginn (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch). D’Sammlung wäert sech am Laf vun der Zäit mat eng Kollektioun aus Spuenesche Bicher erweideren.
Nëmmen Apprenantë déi am INL ageschriwwe sinn an d’Personal vum INL hunn Zougang zur Mediathéik. Den Aschreiwungsformulaire fannt Dir am Accueil vun de Mediathéiken. D’Dokumenter kënnen all an der Mediathéik selwer consultéiert ginn. Déi meescht Dokumenter kënnen och ausgeléint ginn.
D’Apprenantë hunn Accès op d’WIFI-Netz vum INL.
Dokumenter léinen
Wien am INL ageschriwwen ass oder do schafft, ka Bicher an aner Dokumenter gratis léinen. D’Friste fir geléintent Material sinn:
- zwou Woche fir gedréckten Dokumenter (kann eemol verlängert ginn);
- eng Woch fir Filmer (kann eemol verlängert ginn).
D’Apprenantë kënne maximal dräi Dokumenter pro Kéier léinen, d’Personal sechs.
Bréngt den Apprenant geléintent Material ze spéit hannescht, kann en temporär oder och definitiv fir d’Léine vu Material gespaart ginn.
D’Modalitéite vum Prêt sinn am interne Reglement festgehalen.
Ëffnungszäiten
Mediathéik INL Glacis
Méindes 08:30 – 19:00
Dënschtes 08:30 – 19:00
Mëttwochs 08:30 – 19:00
Donneschdes 08:30 – 19:00
Freides 08:30 – 16:00
Mediathéik INL Belval
Méindes 08:30 – 12:30 an 13:30 – 17:00
Dënschtes 08:30 – 12:30 an 13:30 – 17:00
Mëttwochs 08:30 – 12:30 an 13:30 – 17:00
Donneschdes 08:30 – 12:30 an 13:30 – 17:00
Freides 08:30 – 12:30 an 13:30 – 17:00
D’Mediathéike sinn an de Schoulvakanzen zou.
Catalogue online
Weider Informatiounen zum a-z Katalog
Zeitungen an Zäitschrëften
Klickt hei fir d’Zeitungen un d’Zäitschrëften.
Kaf-Virschlag
Fëllt eise Formulaire aus wann dir e Kaf-Virschléi fir eis Mediathéiken hutt.