Verbessert är Lëtzebuergesch Sproochkenntnesser an erweidert äre Wuertschatz!

 „KONTERBONT“, deen éischte komplett digitale Magasinn op Lëtzebuergesch!

An 11 Rubrike fannt dir all 2 Méint spannend an informativ interaktiv Artikele ronderëm d‘Lëtzebuerger Land, seng Kultur a seng Leit. Iwwer dem Liese léiert dir nei Wierder kennen a verbessert är Aussprooch!

De „KONTERBONT“ gëtt et fir ären Tablett Computer an äre Smartphone .

 

Den INL offréiert iech e gratis Abonnement während där Zäit an där der en an engem Cours ageschriwwe sidd

 

Fir heivunner ze profitéieren, kënnt dir ganz einfach är aktuell Aschreiwungsnummer um Site

http://www.konterbont.com/inll aginn.

 

Är Aschreiwungsnummer fannt der op ärem MyINL Konto (http://inscription.inll.lu/);

Rubrik COURS :

 

Dir kritt dann direkt e Promo-Code deen der an der Applikatioun „KONTERBONT“ kënnt androen. D‘Applikatioun kënnt dir am App Store oder bei Google Play eroflueden.

Dës Prozedur muss all Semester erneiert ginn.