D’Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) gëtt am Institut national des langues Luxembourg (INLL) ugebueden.
D’ Formatioun gëtt am „blended learning”-Format ofgehalen. 50 % vun de Coursë ginn a Form vu Presenzunterrecht ofgehalen (15 vun 30 Stonne Literatur, 15 vun 30 Stonne Linguistik an 30 vu 60 Stonnen Didaktik).
De Presenzunterrecht fënnt ëmmer samschdes statt, déi genee Datumer ginn nach matgedeelt.
D’Formateuren an d’Formatricë bidden ausserdeem wärend der Woch Spriechstonnen un, fir op all eventuell Froen ze äntweren.
D’Kandidature kënne vum 4. Juni 2025 bis de 16. Juli 2025 agereecht ginn. Eng Informatiounsversammlung fënnt de 15. September um 17:00 Auer am INLL-Glacis statt.
Dës Formatioun riicht sech u Persounen, déi sech als Enseignant(e) an der Erwuessenebildung aus- oder weiderbilde wëlle loossen, fir bei de Gemengen oder an engem staatlech subventionéierte Secteur Coursen ze ginn / ze schaffen.
D’Formatioun ëmfaasst dräi Modülle mat am Ganzen 120 Stonne Cours (Presenzunterrecht an online):
Déi follgend Erklärunge ginn Iech e méi detailléierten Iwwerbléck iwwer den Unterrechts- a Léierprogramm vun deene verschiddene Modüllen.
D’Bewäertung vun de Leeschtunge gëtt follgendermoosse gemaach:
D’Formatioun ass zäitlech follgendermoossen organiséiert:
100 € pro Semester
D’Kandidaturdossiere si schrëftlech anzereechen a mussen déi follgend Dokumenter enthalen:
D’Kandidature kënne vum 4. Juni 2025 bis de 16. Juli 2025 agereecht ginn. Eng Informatiounsversammlung fënnt de 15. September um 17:00 Auer am INLL-Glacis statt.
Wa méi Kandidate sech mellen, wéi Plazen do sinn, gëtt eng Selektioun opgrond vum Kandidaturdossier gemaach.