Entwéckelt Är Kompetenze mam INLL als Formateur a Formatrice an der Erwuessenebildung!
Dir wëllt Är Fäegkeeten ausbauen oder Är andragogesch Praktike weiderentwéckelen?
D’INLL bitt Iech zwou Weiderbildungen un, déi op d’Ënnerriichte vun Erwuessener spezialiséiert sinn:
Egal ob Dir Iech berufflech nei orientéieren, Iech perfektionéieren oder nei Perspektiven entdecke wëllt – dës Formatioune maachen Iech d’Dieren an der Erwuessenebildung op.
Forméiert Iech am INLL a gitt eng Schlësselpersoun am Beräich lifelong learning!
D’Formatioun “Certificat d’enseignement en langues à visée professionnelle” (CELVP) gëtt vum Institut national des langues Luxembourg (INLL) ugebueden. Si riicht sech u Persounen, déi sech wëllen am Beräich vu Sproochecoursë mat berufflecher Ausriichtung an der Erwuessenebildung aus- oder weiderbilde loosse wëllen, fir bei de Gemengen oder an engem staatlech subventionéierte Secteur Coursë kënnen ze ginn.
D’Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) gëtt am Institut national des langues Luxembourg (INLL) ugebueden. Dës Formatioun riicht sech u Persounen, déi sech als Enseignant(e) an der Erwuessenebildung aus- oder weiderbilde wëlle loossen, fir bei de Gemengen oder an engem staatlech subventionéierte Secteur Coursen ze ginn / ze schaffen.
D’Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn, de Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn an de spéidere Formateuren déi néideg theoretesch, praktesch, fachlech a methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.