Gitt Är Sich an

Wielt Är Rubrik

Coursen
Sproochentest
Zertifikatiounen
  • Wéi vill kascht ee Cours pro Semester?

    Hei fannt dir eis Tariffer ënner Offre de cours .

  • Wie kann ech kontaktéiren, wann ech eng Fro zu der Aschreiwung hunn?

    Dir kënnt de Coordinateur vum Departement vun där Sprooch kontaktéieren, déi Dir léiert. D’Ëffnungszäiten hänken nieft dem Sall vun de Coordinateuren op engem Panneau aus. E Rendez-vous ass obligatoresch an Dir kënnt deen iwwert Äre perséinleche Benotzerberäich um Site vum INLL huelen.

  • Ass et méiglech d’Klass oder den Niveau ze wiesselen?

    (Valide) Bezuelten Aschreiwung: E Klassewiessel ass nëmmen den am Artikel 6 vum Règlement grand-ducal du 27 juin 2018 opgezielte Fäll  méiglech. Fir all weider Informatioun, kënnt dir eise Bureau des cours iwwer folgende Formulaire kontaktéieren.

  • Gëtt d’Präsenz am Cours festgehalen?

    Jo. D’Präsenz vun den Apprenante(ë)n gëtt an all Cours kontrolléiert. D’Präsenze sinn informatiséiert an Dir kënnt se kontrolléieren. Vun Ärem perséinleche Benotzerberäich MyINL aus kënnt Dir e Präsenzzertifikat ausdrécken.

    All Apprenant/e ënnerschreift an all Cours eng Presenzlëscht, virausgesat, dass hien/si op d’mannst 70% vum Cours present war.

  • Däerfe Persounen, déi net an engem Cours ageschriwwe sinn (Kanner, Kollegen,…) mat an d’Klass kommen?

    Persounen, déi net an engem Cours ageschriwwe sinn, däerfen aus legalen an aus Sécherheetsgrënn net an d’Klassesäll eran. Dat kéint ausserdeem de Cours stéieren.

  • Wat ass de Kompetenzbilan?

    All Apprenant vum INLL, deen d’Tester zum Schluss vum Semester bestanen oder d’Evaluatioune während dem Semester gepackt huet, huet Recht op e Kompetenzbilan. Dëse Kompetenzbilan gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Kompetenzen, déi sech den Apprenant op deem betreffenden Niveau vum GERS ugëeegent huet.

  • Wat fir Material gëtt am Cours gebraucht?

    Ären Enseignant oder är Enseignant(e) seet Iech am Ufank vum Cours, wat fir Material respektiv wat fir e Buch benotzt gëtt. Dir braucht och e Bic a Pabeier an eventuell e Classeur oder eppes Ähnleches, fir d’Kopien an/oder aner Dokumenter, déi Dir an der Klass ausgedeelt kritt, ze klasséieren.

  • Wéi gëtt am INLL evaluéiert?

    Fir d’Kommunikatiounskompetenze vun den Apprenante(ë)n ze perfektionnéieren, ginn zwou Evaluatiounsmethodë gebraucht :

    • déi formativ Evaluatioun: Hei ginn d’Apprenante(ë)n iwwert d’ganzt Semester an deene verschiddenen Etappe vun hirem Léierprozess begleet
    • déi zertifikativ Evaluatioun: Hei gëtt zum Schluss vum Semester en Test gemaach.
  • Wat fir Sprooche ginn am INLL-Belval enseignéiert?
    • Däitsch
    • Englesch
    • Franséisch
    • Lëtzebuergesch
    • Portugisesch
    • Spuenesch
  • Wat fir Sprooche ginn am INLL Miersch enseignéiert?
    • Lëtzebuergesch
    • Franséisch
    • Englesch
    • Däitsch
  • Wat fir Sprooche ginn am INLL Luxembourg enseignéiert?
    • Lëtzebuergesch
    • Franséisch
    • Englesch
    • Däitsch
    • Chinesesch
    • Spuenesch
    • Italienesch
    • Hollänesch
    • Portugisesch
  • Wien huet Recht op e gratis Léierbuch?

    D’Demandeurs de protection internationale (DPI) hu Recht op e gratist Léierbuch. D’Enseignante(ë)n kréien eng Lëscht mat de Kandidaten, déi a Fro kommen, an d’Administratioun bestellt d’Bicher.

  • Wie kontaktéiren ech, wann ech eng Fro zum Cours hunn?

    Ären Enseignant oder Är Enseignante ass Är éischt Kontaktpersoun. Mä wann Dir administrativ oder organisatoresch Froen hutt, kënnt Dir eis iwwer de Kontaktformulaire kontaktéieren oder Iech un den Accueil oder d’Administratioun wenden.

  • Wat muss ech maachen, fir mech anzeschreiwen?

    Wann Dir dëst oder d’lescht Semester kee Sproochecours am INLL verfollegt hutt, da muss Dir en neit MyINL-Account erstellen:

    1. Erstellt Ären MyINL Account
    2. Gitt op Mes Niveaux a wielt eng Sprooch aus.
    3. Erhalt e recommandéierten Niveau, dat Dir benotze kënnt fir iech online unzemellen.
    4. Mëllt Iech fir e Cours un. Online Umeldunge starten den 11. September 2024.
  • Wat fir Coursë ginn am INLL ugebueden?
    • allgemeng Coursë fir Ufänger
    • allgemeng Coursë fir Persounen, déi scho Kenntnisser an der Sprooch hunn
    • spezifesch Coursen: Phonetik, schrëftlechen Ausdrock, mëndlechen Ausdrock, „Deutsch für den Beruf“, „Business English“, „L’italien des médias“, fir der nëmmen e puer ze nennen

    D’Offer vun de Coursen riicht sech no den Aschreiwungen, de personelle Ressourcen an den Infrastrukture vum INLL.

  • Fir wie gëllt de reduzéierten Tarif?

    Extrait de l’Art. 4.du Règlement grand-ducal du 27 juin 2018 fixant le montant des droits d’inscription aux cours organisés par l’Institut national des langues.

    1. Par dérogation à l’article 3, l’inscription à un cours peut donner lieu au paiement, par l’apprenant, d’un montant de droits d’inscription réduits « tarif C » fixé à 10 euros.
    2. Bénéficient du « tarif C » :
      • les demandeurs d’emploi indemnisés, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une convocation établie par l’Agence pour le développement de l’Emploi ;
      • les bénéficiaires du revenu minimum garanti disponibles pour une mesure sociale complémentaire telle que prévue par la loi modifiée du 29 avril 1999 portant création d’un droit à un revenu minimum garanti, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une attestation établie au nom du bénéficiaire par le Service national d’action sociale ;
      • les personnes reconnues nécessiteuses, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une attestation établie au nom du bénéficiaire, par l’Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration ou les offices sociaux communaux ;
      • les élèves de l’enseignement secondaire, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une lettre de recommandation dûment motivée du directeur de l’établissement qu’ils fréquentent ;
      • les signataires d’un contrat d’accueil et d’intégration sur présentation, au moment de l’inscription, de leur contrat d’accueil et d’intégration.
    3. Pour les apprenants visés au paragraphe 2, points 1° à 4°, l’inscription à un cours au « tarif C » ne peut avoir lieu que pour l’apprentissage d’une des trois langues administratives du Grand-Duché de Luxembourg et de l’anglais, à l’exception des dérogations accordées par le directeur de l’Institut. Pour les apprenants visés au paragraphe 2, point 5°, l’inscription à un cours au « tarif C » ne peut avoir lieu que pour l’apprentissage d’une des trois langues administratives du Grand-Duché de Luxembourg.
  • Wien huet Usproch op de reduzéierten Tarif (Tarif C)?

    Extrait de l’Art. 4.du Règlement grand-ducal du 27 juin 2018 fixant le montant des droits d’inscription aux cours organisés par l’Institut national des langues.

    Par dérogation à l’article 3, l’inscription à un cours peut donner lieu au paiement, par l’apprenant, d’un montant de droits d’inscription réduits « tarif C » fixé à 10 euros.

    Bénéficient du « tarif C » :

    les demandeurs d’emploi indemnisés, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une convocation établie par l’Agence pour le développement de l’Emploi ;

    les bénéficiaires du revenu minimum garanti disponibles pour une mesure sociale complémentaire telle que prévue par la loi modifiée du 29 avril 1999 portant création d’un droit à un revenu minimum garanti, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une attestation établie au nom du bénéficiaire par le Service national d’action sociale ;

    les personnes reconnues nécessiteuses, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une attestation établie au nom du bénéficiaire, par l’Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration ou les offices sociaux communaux ;

    les élèves de l’enseignement secondaire, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une lettre de recommandation dûment motivée du directeur de l’établissement qu’ils fréquentent ;

    les signataires d’un contrat d’accueil et d’intégration sur présentation, au moment de l’inscription, de leur contrat d’accueil et d’intégration.

    Pour les apprenants visés au paragraphe 2, points 1° à 4°, l’inscription à un cours au « tarif C » ne peut avoir lieu que pour l’apprentissage d’une des trois langues administratives du Grand-Duché de Luxembourg et de l’anglais, à l’exception des dérogations accordées par le directeur de l’Institut. Pour les apprenants visés au paragraphe 2, point 5°, l’inscription à un cours au « tarif C » ne peut avoir lieu que pour l’apprentissage d’une des trois langues administratives du Grand-Duché de Luxembourg.

    Méi Informatiounen

  • Wéi oft kann ech de Sproochentest maachen?

    D’Zuel vun den Umeldungen ass net begrenzt. Mä eng nei Umeldung ass just méiglech, nodeems Dir d’Resultater vum Test virdru kritt hutt.

  • Dispensen

    De Sproochentest ass déi eenzeg unerkannten Zertifikatioun, fir d’Nationalitéit kënnen unzefroen. Och wann Dir de mëndlechen Examen am Lëtzebuergesche beim Staat gemaach hutt (fir Fonctionnaire ze ginn), sidd Dir bei enger Demande fir eng Naturalisatioun net automatesch vun der sproochlecher Epreuve am Lëtzebuergesche fräigestallt.

  • Wou gëtt de Sproochentest ofgehal?

    De « Sproochentest » gëtt am INLL Lëtzebuerg a Belval organiséiert:

    • Institut national des langues Luxembourg 21, Boulevard de la Foire, L-1528 Luxembourg
    • Institut national des langues Luxembourg 14, Porte de France, L-4360 Esch-sur-Alzette
  • Wou kann ech mech fir de Sproochentest umellen?

    D’Umeldung gëtt direkt am INLL oder mat engem Schreiwes un den INLL gemaach.

  • Wéi laang ass den Zertifikat vum Sproochentest gülteg?

    Den Zertifikat vum Sproochentest ass onbegrenzt gülteg.

  • Wéini sinn déi nächst Sproochentester?

    Kontaktéiert eis iwwer folgende Kontaktformulaire fir iech iwwer déi nächst Testdaten ze informéieren.

  • Wéi vill kascht d’Umeldung fir de Sproochentest?

    D’Umeldung kascht 75 €, dëse Betrag gouf an engem Règlement grand-ducal festgeluecht.

  • Wie ka sech fir de Sproochentest umellen?

    Jiddwereen, deen déi Lëtzebuerger Nationalitéit wëll ufroen an déi sproochlech Tester maache muss.

  • Kréien ech d’Käschten zréckbezuelt, wann ech net um Sproochentest deelgeholl hunn?

    E Kandidat, deen ouni Grond decidéiert, den Test net matzemaachen, oder dee beim Sproochentest feelt, kritt seng Suen net erëm a muss sech nach eng Kéier aschreiwen.

  • Kontakt

    INLL Bureau des examens 21, boulevard de la Foire L-1528 Luxembourg Tel. : +352 26 44 30 – 361 E-Mail: exam@inll.lu

  • Wou kann ech mech umellen?

    Fir de LAF, den DELF-DALF, den TCF, de Goethe-Zertifikat, de PET, de FCE, den CAE, den CPE, den CELI an den DELE kënnt Dir Iech direkt am Examensbüro vum INLL umellen. D’Aschreiwungsformulairë kënnt Dir op folgender Säit eroflueden.


    Fir déi aner Exame kënnt Dir Iech direkt bei eise Partnerorganismen aschreiwen: TestDaF – TestDaF Teilnehmerportal DIPLE-DAPLE – Universidad de Lisboa IELTS – British council IELTS online registration.

  • Wat fir Zertifikatioune kritt een am INLL?
    • Lëtzebuergesch:
      • Lëtzebuergesch als Friemsprooch (LaF, Niveauen A2, B1, B2, C1)
      • Sproochentest (fir d’lëtzbuergesch Nationalitéit ze kréien, A2 mëndlech, B1 Héierverstoen).
    • Franséisch:
      • Diplôme élémentaire de la langue française (DELF, Niveauen A1, A2, B1, B2, C1)
      • Diplôme approfondi de la langue française (DALF, Niveauen A1, A2, B1, B2, C1)
      • Test de connaissance du français (TCF, Niveauen A1-C2).
    • Englesch:
      • Cambridge English Language Assessment (PET, FCE, CAE, CPE, Niveauen A2-C2)
      • International English Language Testing System (IELTS, Niveauen A1-C2).
    • Däitsch:
      • Goethe Zertifikat (Niveauen A2, B1, B2, C1)
      • Test Deutsch als Fremdsprache (TestDaF, Niveauen B2 + C1).
    • Spuenesch:
      • Diplomas de Español como lengua extranjera (DELE, Niveauen A1-C2)
    • Italienesch:
      • Diploma della Lingua Italiana (CELI, Niveauen A1-C2).
    • Portugisesc :
      • Diploma Intermédio de Português Língua Estrangeira
      • Diploma Avançado de Português Língua Estrangeira (DIPLE-DAPLE, Niveauen A2, B1, B2, C1).
  • Remboursementer

    Ënnert de Konditiounen déi am Formular beschriwwe sinn a sech op d‘ Règlement ministériel du 21 janvier 2022 portant fixation les droits d’inscription et déterminant le calendrier des épreuves des examens et tests certifiant la compétence de communication en langues organisés par l’Institut national des langues beruffend, kann den INLL e vollstännegen oder partielle Remboursement vun den Aschreifkäschten duerchféieren.