Froen an Äntwerten
All
Aschreiwung
Coursen
Evaluatioun
Sproochentest
Zertifikatiounen
Wat muss ech maachen, fir mech anzeschreiwen ?
Si vous n'avez pas pris de cours de langue à l'INL le semestre courant ou précédent, vous devez créer un nouveau compte MyINL:
- Créez votre compte MyINL
- Accédez à Mes niveaux et choississez une langue.
- Recevez un niveau recommandé, que vous pouvez utiliser pour vous inscire en ligne à un cours.
- Inscrivez-vous dans un cours. Les inscriptions en ligne débuteront le 9 février 2022.
Wéi vill kascht ee Cours pro Semester ?
Vous pouvez consulter tous les tarifs dans l'offre de cours ici.
Fir wie gëllt de reduzéierten Tarif ?
Extrait de l'Art. 4.du Règlement grand-ducal du 27 juin 2018 fixant le montant des droits d’inscription aux cours organisés
par l’Institut national des langues.
- Par dérogation à l’article 3, l’inscription à un cours peut donner lieu au paiement, par l’apprenant, d’un montant de droits d’inscription réduits « tarif C » fixé à 10 euros.
- Bénéficient du « tarif C » :
- 1° les demandeurs d’emploi indemnisés, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une convocation établie par l’Agence pour le développement de l’Emploi ;
- 2° les bénéficiaires du revenu minimum garanti disponibles pour une mesure sociale complémentaire telle que prévue par la loi modifiée du 29 avril 1999 portant création d’un droit à un revenu minimum garanti, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une attestation établie au nom du bénéficiaire par le Service national d’action sociale ;
- 3° les personnes reconnues nécessiteuses, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une attestation établie au nom du bénéficiaire, par l’Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration ou les offices sociaux communaux ;
- 4° les élèves de l’enseignement secondaire, sur présentation, au moment de l’inscription, d’une lettre de recommandation dûment motivée du directeur de l’établissement qu’ils fréquentent ;
- 5° les signataires d’un contrat d’accueil et d’intégration sur présentation, au moment de l’inscription, de leur contrat d’accueil et d’intégration.
3. Pour les apprenants visés au paragraphe 2, points 1° à 4°, l’inscription à un cours au « tarif C » ne peut avoir lieu que pour l’apprentissage d’une des trois langues administratives du Grand-Duché de Luxembourg et de l’anglais, à l’exception des dérogations accordées par le directeur de l’Institut. Pour les apprenants visés au paragraphe 2, point 5°, l’inscription à un cours au « tarif C » ne peut avoir lieu que pour l’apprentissage d’une des trois langues administratives du Grand-Duché de Luxembourg.
Wie ka sech fir de Sproochentest umellen ?
Jiddwereen, deen déi Lëtzebuerger Nationalitéit wëll ufroen an déi sproochlech Tester maache muss.
Wou kann ech mech umellen ?
Fir de LAF, den DELF-DALF, den TCF, de Goethe-Zertifikat, de PET, de FCE, den CAE, den CPE, den CELI an den DELE kënnt Dir Iech direkt am Examensbüro vum INL umellen.
D’Aschreiwungsformulairë kënnt Dir um Internetsite vum INL ënner „Formulairen >“ eroflueden.
Fir déi aner Exame kënnt Dir Iech direkt bei eise Partnerorganismen aschreiwen: TestDaF - TestDaF Teilnehmerportal DIPLE-DAPLE - Universidad de Lisboa IELTS - British council IELTS online registration
Fir déi aner Exame kënnt Dir Iech direkt bei eise Partnerorganismen aschreiwen: TestDaF - TestDaF Teilnehmerportal DIPLE-DAPLE - Universidad de Lisboa IELTS - British council IELTS online registration
Wéi vill kascht d'Umeldung fir de Sproochentest ?
D’Umeldung kascht 75 €, dëse Betrag gouf an engem Règlement grand-ducal festgeluecht.
Wéini sinn déi nächst Sproochentester ?
D’Datumer stinn um Internetsite vum INL.
All eis Examensdatumer am Kalenner >
Wou gëtt de Sproochentest ofgehal ?
Le « Sproochentest » est organisé à l'INL :
Institut national des langues
21, boulevard de la Foire
L-1528 Luxembourg
Wéi laang ass den Zertifikat vum Sproochentest gülteg ?
Den Zertifikat vum Sproochentest ass onbegrenzt gülteg.
Wéi oft kann ech de Sproochentest maachen ?
D’Zuel vun den Umeldungen ass net begrenzt. Mä eng nei Umeldung ass just méiglech, nodeems Dir d’Resultater vum Test virdru kritt hutt.
Kréien ech d’Käschten zréckbezuelt, wann ech net um Sproochentest deelgeholl hunn ?
E Kandidat, deen ouni Grond decidéiert, den Test net matzemaachen, oder dee beim Sproochentest feelt, kritt seng Suen net erëm a muss sech nach eng Kéier aschreiwen.
Dispensen
De Sproochentest ass déi eenzeg unerkannten Zertifikatioun, fir d’Nationalitéit kënnen unzefroen.
Och wann Dir de mëndlechen Examen am Lëtzebuergesche beim Staat gemaach hutt (fir Fonctionnaire ze ginn), sidd Dir bei enger Demande fir eng Naturalisatioun net automatesch vun der sproochlecher Epreuve am Lëtzebuergesche fräigestallt.
Wat fir Coursë ginn am INL ugebueden ?
- allgemeng Coursë fir Ufänger
- allgemeng Coursë fir Persounen, déi scho Kenntnisser an der Sprooch hunn
- spezifesch Coursen: Phonetik, schrëftlechen Ausdrock, mëndlechen Ausdrock, „Deutsch für den Beruf“, „Business English“, „Deutsch für Juristen“, „L’italien des médias“, fir der nëmmen e puer ze nennen
Wat fir Sprooche ginn am INL Luxembourg enseignéiert ?
|
|
Wat fir Sprooche ginn am INL-Belval enseignéiert ?
- Däitsch
- Englesch
- Franséisch
- Lëtzebuergesch
- Spuenesch
Wat fir Sprooche ginn am INL Miersch enseignéiert ?
- Lëtzebuergesch
- Franséisch
- Englesch
- Däitsch
Wat fir Material gëtt am Cours gebraucht ?
Ären Enseignant seet Iech am Ufank vum Cours, wat fir Material respektiv wat fir e Buch benotzt gëtt. Dir braucht och e Bic a Pabeier an eventuell e Classeur oder eppes Ähnleches, fir d’Kopien an/oder aner Dokumenter, déi Dir an der Klass ausgedeelt kritt, ze klasséieren.
Wien huet Recht op e gratis Léierbuch ?
D'Flüchtlingen hu Recht op e gratist Léierbuch. Den Enseignant kritt eng Lëscht mat de Kandidaten, déi a Fro kommen, an d’Administratioun bestellt d’Bicher.
Est-il possible de changer de classe ou de niveau ?
Inscription payée (valide) : Un changement de classe n’est possible que dans les cas énumérés à l’article 6 du Règlement grand-ducal du 27 juin 2018.
Pour toute information complémentaire, veuillez contacter le bureau des cours via le formulaire de contact.
Gëtt d'Präsenz am Cours festgehalen ?
Jo. D’Präsenz vun den Apprenantë gëtt an all Cours kontrolléiert. D’Präsenze sinn informatiséiert an Dir kënnt se kontrolléieren. Vun Ärem perséinleche Benotzerberäich MyINL >aus kënnt Dir e Präsenzzertifikat ausdrécken.
Däerfe Persounen, déi net an engem Cours ageschriwwe sinn (Kanner, Kollegen,...) mat an d'Klass kommen ?
Persounen, déi net an engem Cours ageschriwwe sinn, däerfen aus legalen an aus Sécherheetsgrënn net an d’Klassesäll eran. Dat kéint ausserdeem de Cours stéieren.
Wie kontaktéiren ech, wann ech eng Fro zum Cours hunn ?
Ären Enseignant ass Är éischt Kontaktpersoun. Mä wann Dir administrativ oder organisatoresch Froen hutt, kënnt Dir den Accueil oder d’Administratioun kontaktéieren.
Wie kann ech kontaktéiren, wann ech eng Fro zu der Aschreiwung hunn ?
Dir kënnt de Coordinateur vum Departement vun där Sprooch kontaktéieren, déi Dir léiert. D’Ëffnungszäiten hänken nieft dem Sall vun de Coordinateuren op engem Panneau aus. E Rendez-vous ass obligatoresch an Dir kënnt deen iwwert Äre perséinleche Benotzerberäich um Site vum INL huelen.
Wat ass d'Schülerkaart (carte d'apprenant) ?
Am Ufank vum Semester kritt all Apprenant seng Schülerkaart (carte d'apprenant). Mat dëser Kaart hutt Dir Zougang zu der Mediathéik an der Kantin. Dir musst dës Kaart ëmmer virweise kënnen, wann Dir se gefrot gitt.
Wéi gëtt am INL evaluéiert ?
Fir d’Kommunikatiounskompetenze vun den Apprenanten ze perfektionnéieren, ginn zwou Evaluatiounsmethodë gebraucht :
- déi formativ Evaluatioun: Hei ginn d’Apprenanten iwwert d’ganzt Semester an deene verschiddenen Etappe vun hirem Léierprozess begleet
- déi zertifikativ Evaluatioun: Hei gëtt zum Schluss vum Semester en Test gemaach.
Wat ass de Kompetenzbilan ?
All Apprenant vum INL, deen d’Tester zum Schluss vum Semester bestanen oder d’Evaluatioune während dem Semester gepackt huet, huet Recht op e Kompetenzbilan. Dëse Kompetenzbilan gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Kompetenzen, déi sech den Apprenant op deem betreffenden Niveau vum GERS > ugëeegent huet.
Wat fir Zertifikatioune kritt een am INL ?
- Lëtzebuergesch :
- Lëtzebuergesch als Friemsprooch (LaF, Niveauen A2, B1, B2, C1)
- Sproochentest (fir d'lëtzbuergesch Nationalitéit ze kréien, A2 mëndlech, B1 Héierverstoen).
- Franséisch :
- Diplôme élémentaire de la langue française (DELF, Niveauen A1, A2, B1, B2, C1)
- Diplôme approfondi de la langue française (DALF, Niveauen A1, A2, B1, B2, C1)
- Test de connaissance du français (TCF, Niveauen A1-C2).
- Englesch :
- Cambridge English Language Assessment (PET, FCE, CAE, CPE, Niveauen A2-C2)
- International English Language Testing System (IELTS, Niveauen A1-C2).
- Däitsch :
- Goethe Zertifikat (Niveauen A2, B1, B2, C1)
- Test Deutsch als Fremdsprache (TestDaF, Niveauen B2 + C1).
- Spuenesch :
- Diplomas de Español como lengua extranjera (DELE, Niveauen A1-C2)
- Italienesch :
- Diploma della Lingua Italiana (CELI, Niveauen A1-C2).
- Portugisesch :
- Diploma Intermédio de Português Língua Estrangeira
- Diploma Avançado de Português Língua Estrangeira (DIPLE-DAPLE, Niveauen A2, B1, B2, C1).
Wou kann ech mech fir de Sproochentest umellen ?
D’Umeldung gëtt direkt am INL oder mat engem Schreiwes un den INL gemaach.
Kontakt
INL
Service des examens
21, boulevard de la Foire
L-1528 Luxembourg
Tél. : +352 26 44 30 – 361
Fax : +352 26 44 30 – 360
Courriel : exam@inll.lu