Gitt Är Sich an

Eis soziokulturell Evenementer

Sproocheléiere kann een net nëmmen an engem Klassesall, dofir bitt den INLL eng ganz Rei vun Eventer un, déi Iech et erméiglechen, d’Sproochen ze üben an Iech mat Leit auszetauschen.

Dës Eventer si fir jiddereen op, och fir déi, déi net am INLL ageschriwwe sinn.

All Schouljoer gi méi ewéi 20 soziokulturell Evenementer organiséiert, ewéi zum Beispill eng „Quiznight“ an de Mediathéiken, verschidde „Meet & Speak“-Eventer, ënnert anerem an Zesummenaarbecht mam Mudam an der Villa Vauban, an och eng Porte Ouverte.

Wann Dir iwwert déi nächst Evenementer am INLL informéiert wëllt ginn, dann abonéiert eisen Newsletter, deen all Mount verschéckt gëtt.

Eis verschidde soziokulturell Evenementer

Meet&Speak

Dir wëllt eng oder méi Sproochen üben an nei Leit kenne léieren? Da kommt op eis Meet&Speak Evenementer – Sproochentreffen, wou Sprooche léieren mat Freed an neie Bekanntschafte verbonnen ass!

Egal, ob Dir Ufänger*in oder Expert sidd, eis Evenementer si fir jiddereen op, deen seng Sproochekentnisser verbessere well an dobäi flott Momenter mat Leit aus verschiddene Kulturen verbrénge well. D’Treffen fannen am INLL oder op soziokulturelle Plazen a Lëtzebuerg statt, wéi am Mudam, an der Villa Vauban, am Lëtzebuerg City Museum an anere Plazen.

Jobday ADEM-INLL

Sidd Dir op der Sich no enger Aarbecht zu Lëtzebuerg? Den INLL an d’Agence pour le développement de l’emploi (Adem) organiséieren e Jobday mat Firmaen an Interim-Agencen aus verschiddene Secteuren (Commerce, Restauratioun, Hotellerie, Botz, Bauwiesen, Gesondheet, Informatik, Finanzen, asw.)

Bichertosch

All Semester proposéiert den INLL e Second Hand Bichertosch.

Jidderee ka Bicher laanscht brengen, deenen hien en zweet Liewe well ginn. Iwwert eng Woch hutt Dir d’Geleegenheet, nei Bicher z’entdecken an se gratis mat ze huelen.

a villes méi…

  • Portes ouvertes : An enger frëndlecher Ambiance bitt d’Ekipp vum INLL Spillaktivitéiten un, fir d’Sproochcoursen an d’Zertifikatiounen ze entdecken.
  • Linguistesch Plalking: Zousätzlech zum Sprooche léieren a neie Leit treffe wëllen dës Initiativ och Bewosstsiin fir Littering schaafen, dat heescht d’Ewechgeheien oder d’Zeréckloosse vu klengen Offäll op den ëffentleche Stroosen a Plazen.
  • Play&Practice : Hutt Dir Gesellschaftsspiller gär? Da maacht mat bei eisem Event “Play & Practise” an üübt eng Sprooch mat Spiller.
  • Europäeschen Dag vun de Sproochen: All 26. September hëlt den INLL un dësem europäeschen Dag mat Spillaktivitéiten ronderëm d’Sproochen deel.
  • Schreif-Workshops: Dir schreift gären, entdeckt gären nei Geschichten oder wëllt Är Kreativitéit erfuerschen? Dann huelt un engem vun eise kreative Schreifworkshops deel, geleet vu Schrëftsteller:innen.
  • Literaturowender an Diskussiounsronnen: Huelt deel u spannende Gespréicher iwwert d’Sprooche mat verschiddenen Invitéen.