Gitt Är Sich an

Visite vum Grand Théâtre op Franséisch

Wëllt Dir de Grand Théâtre vun der Ville de Luxembourg kenne léieren? 🎭

Den INLL organiséiert fir seng Apprenanten zwou guidéiert Visitt duerch de Grand Théâtre :

  • Den 13. Oktober 2026 vun 10.30 bis 11.45 Auer, op Lëtzebuergesch
  • De 15. Oktober 2026 vun 10.30 bis 11.45 Auer, op Franséisch

Um Programm: entdeckt d’Geschicht an d’Architektur vun dëser symbolescher Plaz vum lëtzebuergesche Kulturliewen, besicht déi eenzel Theaterräim a kritt en Abléck hannert d’Kulissen.

D’Aschreiwung ass gratis iwwert de Link: https://edulink.lu/4u3c

Den Treffpunkt ass um 10:15 Auer an der Entrée vum Grand Théatre de la Ville de Luxembourg (1 Bd Robert Schuman, 2525 Ville-Haute Luxembourg)

Et ka sinn, datt Fotoe gemaach ginn an datt gefilmt gëtt, fir dëst op eise soziale Medien ze publizéieren. Wann Dir net fotograféiert oder gefilmt wëllt ginn, sot wgl. de responsabele Persounen um Evenement Bescheed.

Eis kontaktéieren

Kontaktformulaire

Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu

Detailer

  • Auerzäit
  • 10:30 - 11:45