Dir liest gären, hutt Loscht Äert Liblingsbuch ze deelen a Leit ze treffen, déi déi selwecht Passioun hunn?
Maacht mat beim Speed Booking de 26. Mäerz 2026 vu 16:00 bis 17:00 Auer an der Mediathéik vum INLL Glacis!
Wéi funktionéiert et?
• Wielt Är Grupp: Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch
• Stellt Äert Liblingsbuch kuerz vir (maximal 5 Minutte pro Persoun): D’Buch kann an egal wéi enger Sprooch sinn, d’Presentatioun muss awer Sprooch vun der jeeweileger Grupp sinn
• Austausch mat deenen anere Participanten
🎉 Deelt Är Lieserfarungen, entdeckt nei Bicher a maacht flott Bekanntschaften!
📝 Umeldung bis de 25. Mäerz 2026 iwwer dëse Link: https://edulink.lu/mvl8
Et ka sinn, datt Fotoe gemaach ginn an datt gefilmt gëtt, fir dëst op eise soziale Medien ze publizéieren. Wann Dir net fotograféiert oder gefilmt wëllt ginn, sot wgl. de responsabele Persounen um Evenement Bescheed.
Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu