Gitt Är Sich an

RepairCafé

Dir hutt en Objet, dee gefléckt muss ginn? Gitt em en zweet Liewen! 🔧♻️

Den INLL organiséiert en Donneschdeg, den 22. Oktober, vu 14 bis 17 Auer, an Zesummenaarbecht mat der ASBL Repair Café Lëtzebuerg an dem Centre for Ecological Learning Luxembourg (CELL), e Repair Café am Festsall vum INLL-Glacis.

Ob Computer, Smartphone, klengen Haushaltsapparat, Vëlo, asw.: Bréngt Ären Objet mat, a Fräiwëlleger hëllefen Iech, en ze flécken, esouwäit ewéi dat méiglech ass.

Wéi leeft e Repair Café of?

Bei Ärer Arrivée kritt Dir eng Nummer a kommt der Rei no bei eng benevole Persoun, déi Iech beim Flécke vun Ärem Objet ënnerstëtzt.

Gratis an ouni Umeldung

Dësen Evenement riicht sech un d’Communautéit vum INLL.

Eis kontaktéieren

Kontaktformulaire

Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu

Detailer

  • Datum
  • 22/10/2026
  • Auerzäit
  • 14:00 - 17:00
  • Uert
  • INLL-Glacis (Salle des fêtes)