Gitt Är Sich an

Meet&Speak: Linguistesche Picknick

Dir géingt gär eng Sprooch üben an nei Leit kenne léieren?
Mir invitéieren Iech den 18. Juni 2026 vun 10 Auer moies bis 4 Auer nomëttes op de linguistesche Picknick am Park vun der Villa Vauban. Mir bidde verschidden Aktivitéiten, fir eng oder e puer Sproochen ze üben, an en Actionbound-Rallye duerch de Park an d’permanent Ausstellung vum Musée vun der Villa Vauban un.
Wann Dir picknicke wëllt, da vergiesst net, eng Picknickdecken an eppes fir z’iesse matzebréngen.

Falls et reene sollt, gëtt de Meet&Speak a Form vun engem Sproochaustausch an den INLL Glacis verluecht (21, bd de la Foire L-1528 Luxembourg); de Picknick an de Rallye ginn dann ofgesot. An deem Fall gitt Dir per E-Mail kontaktéiert.

Et ka sinn, datt Fotoe gemaach ginn a gefilmt gëtt, fir dës op eise soziale Medien ze publizéieren. Wann Dir net fotograféiert oder gefilmt wëllt ginn, sot wgl. de responsabele Persounen um Evenement Bescheed.

Wéini?
En Donneschdeg, den 18. Juni 2026 vun 10 Auer moies bis 4 Auer nomëttes

Picknick + Actionbound-Rallye op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch
– 10:00-12:00
– 12:00-14:00
– 14:00-16:00

Wou?

An der Villa Vauban
Adress: 18 Av. Emile Reuter, L-2420 Luxembourg
(nëmmen e puer Minutten zu Fouss vum INLL Glacis)

Umeldung: Den Aschreiwunglink gëtt zu engem spéidere Moment online gesat.

Eis kontaktéieren

Kontaktformulaire

Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu

Detailer

  • Stéchdag fir d'Aschreiwungen
  • 17/06/2026
  • Datum
  • 18/06/2026
  • Auerzäit
  • 10:00 - 16:00
  • Uert
  • Villa Vauban 18 Avenue Emile Reuter, L-2420 Luxembourg