Gitt Är Sich an

Atelieren „Kreatiivt Schreiwen“ a Franséisch a Lëtzebuergesch

Dir schreift gär, sidd kreativ oder wëllt gär nei Geschichte kenne léieren? Mir lueden Iech an, un eisen Atelieren „Kreatiivt Schreiwen“ deelzehuelen. Dës gi vun de follgenden Auteuren animéiert:

  • Op Lëtzebuergesch: „Tunnel of Love“ , Jackie MESSERICH
  • Op Lëtzebuergesch: „Vill Gléck am neie Joer“, Sophie GITZINGER
  • Op Franséisch: „Trois clés – une histoire très luxembourgeoise”, Med Yacin BOUALI a Germain BIRGEN

Programm:

📖 Liesung vu spannenden Auszich aus hire Wierker vun den Auteure selwer
🖋️ Aktivitéit “Kreatiivt Schreiwen”, guidéiert vun den Auteuren
💬 Beräicherend Diskussioune ronderëm spannend Theemen

Jiddereen ass häerzlech invitéiert, un dësen Atelieren deelzehuelen. Kommt a loosst Ärer Fantasie fräie Laf an deelt Är Iddie mat aneren an engem kreativen a gesellege Kader.

Déi eenzeg Konditioun: Dir musst op d’mannst den Niveau B1.2 an der Sprooch vum Atelier hunn.

📅 De Mëttwoch, 13. November 2024 vu 17:15 bis 18:55 Auer um INLL-Glacis

Maximal 30 Persoune pro Atelier

Schreift Iech gratis an ee vun den Atelieren an: https://www.tickettailor.com/events/inll/1423582.

Eis kontaktéieren

Kontaktformulaire

Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu

Detailer

  • Auerzäit
  • 17:15 - 18:55
  • Uert
  • Institut national des langues Luxembourg - Site Glacis