Sidd Dir op der Sich no enger Aarbecht zu Lëtzebuerg?
Den Institut national des langues Luxembourg (INLL) an d’Agence pour le développement de l’emploi (Adem) organiséieren e Jobday mat Firmaen an Interim-Agencen aus verschiddene Secteuren (Commerce, Restauratioun, Hotellerie, Botz, Bauwiesen, Gesondheet, Informatik, Finanzen, asw.)
Wéini? Mëttwoch, den 22. Abrëll 2026 vun 9:00 bis 12:00 Auer.
Wou? Am INLL-Belval, am Atrium vun der Maison des terres rouges (14, Porte de France L -4360 Esch-sur-Alzette)
D’Umeldung ass gratis : https://edulink.lu/sy9g
D’Plazen si limitéiert.
Nëmmen ee Rendez-vous pro Persoun (och wann Dir u verschiddene Secteuren interesséiert sidd) ass néideg.
A Funktioun vun dem Posten, deen Dir sicht, kann en Diplom an e Sproochenniveau verlaangt ginn. D’Nimm vun de Firmaen an d’Poste ginn e puer Deeg virum Evenement per Mail kommunizéiert.
Wichteg: Bréngt Ären CV op Pabeier an e Motivatiounsbréif (fakultativ) mat.
Mir freeën eis op Iech.
INLL
Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu