Dir géingt gär eng Sprooch üben an nei Leit kenne léieren?
Mir invitéieren Iech de 16. Januar 2025 vun 10 Auer moies bis 7 Auer owes op de Meet&Speak, am Lëtzebuerg City Museum.
Mir bidde verschidden Aktivitéiten, fir eng oder e puer Sproochen ze üben:
– Atelier: “Gesellschaftsspiller” op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch
– Atelier: “Escape-Rucksak” op Franséisch
– eng Visite guidée duerch d’Ausstellung “Babel heureuse ? Plus d’une langue” op Englesch a Franséisch
– en Actionbound-Rallye duerch déi permanent Ausstellung “The Luxembourg Story” op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch
Natierlech kënnt Dir och déi aner Ausstellunge vum Musée besichtegen.
Et ka sinn, datt Fotoe gemaach ginn a gefilmt gëtt, fir dës op eise soziale Medien ze publizéieren. Wann Dir net fotograféiert oder gefilmt wëllt ginn, sot wgl. de responsabele Persounen um Evenement Bescheed.
Wéini?
Donneschdeg, 16. Januar 2025 zu follgenden Zäiten:
– 10:00-12:00 Auer
– 12:00-14:00 Auer
– 14:00-16:00 Auer
– 17:00-19:00 Auer
Wou?
Lëtzebuerg City Museum
Adress: 14, rue du Saint-Esprit, L-1475 Luxembourg
Umeldung:
Mellt Iech gratis bis de 14. Januar 2025 inclus un : https://www.tickettailor.com/events/inll/1446314.
Eng Umeldung ass obligatoresch. Jiddereen, ob am INLL ageschriwwen oder net, ass häerzlech invitéiert, um Evenement deelzehuelen.
Pressekontakt
(+352) 26 44 30 477
communication@inll.lu