Gitt Är Sich an

D’Aschreiwunge fir den ZLLL 2025-2026 sinn elo op!

Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?

Am INLL gëtt vum September 2025 un eng nei Sessioun vun der Formatioun “Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) ugebueden.

Den ZLLL gëtt am sougenannte „blended learning“-Format ofgehalen (50 % Presenzunterrecht a 50 % online).

Den Tarif ass 100 € pro Semester an d’Dauer vun der Formatioun sinn 2 Semesteren.

D’Kandidature kënne vum 4. Juni 2025 bis de 16. Juli 2025 agereecht ginn.

All weider Informatiounen ënnert https://www.inll.lu/lu/zlll/.