Zil vum Cours
Um Enn vun dësem Cours misst Dir, wann Dir déi néideg Aarbecht investéiert hutt, schrëftlech a mëndlech kënnen:
- Kontakt ophuelen, anerer begréissen, Är perséinlech Donnéeë matdeelen
- Einfach Informatiounen iwwer Är Famill, Är Aarbecht, Är Fräizäit, Projeten, Vakanzen, Är Wunnsituatioun … matdeelen
- Iech selwer an anerer op eng einfach Manéier virstellen
- Vun Ären deeglechen Aktivitéiten an Ärer Fräizäit erzielen
Iwwer Äert Liewe schwätzen: akafen, an de Restaurant oder e Café goen …
Aarbechtsmaterialien
Rezent Methoden, déi dem Niveau A1 vum europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS) entspriechen