Am Kader vum Weltdag vum Buch proposéiert den INLL vum 23. bis den 30. Abrëll e Bichertosch.
Hutt Dir Bicher, deenen Dir gär géingt en zweet Liewe schenken? Bréngt se vum 22. bis den 30. Abrëll an d’Mediathéik vum INLL-Glacis oder INLL-Belval oder an den Accueil vum INLL-Miersch.
Vum 23. bis den 30. Abrëll kënnt Dir nei Bicher entdecken a se gratis mathuelen.
Wou?
– INLL-Glacis: Hall (virun der Mediathéik)
– INLL-Belval: Mediathéik
– INLL-Miersch: Hall