Entrer votre recherche

D’Aschreiwunge fir den ZLLL 2026-2027 sinn elo op!

Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?

Am INLL gëtt vum September 2026 un eng nei Sessioun vun der Formatioun “Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) ugebueden.

Den ZLLL gëtt am sougenannte „blended learning“-Format ofgehalen (50 % Presenzunterrecht a 50 % online).

Den Tarif ass 100 € pro Semester an d’Dauer vun der Formatioun sinn 2 Semesteren.

D’Kandidature kënne vum 22. Mee 2026 bis de 1. Juli 2026 agereecht ginn.

All weider Informatiounen ënnert https://www.inll.lu/lu/formatiounen/zlll/.