Enter your search

D’Aschreiwunge fir den ZLLL 2024-2025 sinn elo op!

Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?

Am INLL gëtt vum September 2024 un eng nei Sessioun vun der Formatioun “Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) ugebueden.

Den ZLLL gëtt am sougenannte „blended learning“-Format ofgehalen (50 % Presenzunterrecht a 50 % online).

Den Tarif ass 100 € pro Semester an d’Dauer vun der Formatioun sinn 2 Semesteren.

De leschten Delai fir en Dossier eranzeginn ass de 15. Juli 2024.

All weider Informatiounen ënnert https://www.inll.lu/lu/formateuren/.