Léierziler
Um Enn vum Cours sollt Dir capabel sinn:
- an der Vergaangenheet ze erzielen (Erënnerungen, Erfahrungen, Episoden aus dem Alldag).
- an enger E-Mail en Accident / e Mëssgeschéck ze beschreiwen.
- d’Wiederprevisiounen ze verstoen an ze soen.
- iwwer d’Pläng fir den nächste Weekend ze schwätzen.
- de méiglechen Oflaf vun engem Ausfluch ze beschreiwen.
- iwwer e Fest oder e Feierdag (aus Ärem Land oder zu Lëtzebuerg) ze erzielen.
- d’Meenung, Wënsch, Konditiounen a Konsequenzen auszedrécken.
- iwwer Är Zukunftspläng ze erzielen.
- d’Beschreiwunge vu Persounen aus dem familiären oder berufflechen Ëmfeld ze verstoen an ze maachen.
- Är Gefiller / Emotiounen a bestëmmte Situatiounen ze beschreiwen.
Supporten
Léierbuchtexter, authentesch Dokumenter, Filmer, Internet, Radio, Sendungen, Plakater, Zeitungsartikelen, Spiller, Exercicen.