Dir sidd drun interesséiert, als Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung ze schaffen?
Am INLL gëtt vum Februar 2026 un eng nei Sessioun vun der Formatioun “Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren” (ZLLL) ugebueden.
Den ZLLL gëtt am sougenannte „blended learning“-Format ofgehalen (50 % Presenzunterrecht a 50 % online).
Den Tarif ass 100 € pro Semester an d’Dauer vun der Formatioun sinn 2 Semesteren.
D’Kandidature kënne vum 1. Dezember 2025 bis de 16. Januar 2026 agereecht ginn.
All weider Informatiounen ënnert https://www.inll.lu/de/weiterbildungen/zlll-de/.